top of page
Watercolor1.jpeg

Menarche

Menarche.jpg Berodung a Begleedung ronderëm déi éischt Reegel

Berodung fir Elteren

Wann e Meedchen, déi éischt Kéier seng Reegel kritt, nennt een déi éischt Reegelbluddung och nach “Menarche”. Lues a lues entwéckelt sech d'Meedchen zu enger jonker Fra, wou Villes op eemol sech anescht ufillt. Grad dann, ass et wichteg säi Meedchen altersgerecht iwwert de weiblechen Zyklus opzeklären fir dat et besser versteet wat mat sengem Kierper lass ass a fir dass et sech besser op dee Prozess aloosse kann. 

 

Fir Elteren ass et eng Erliichterung ze wëssen, wéi ee säi Meedchen an deem esou wichtegen Iwwergang begleeden an ënnerstëtzen ze kënnen. Ech ginn dir Impulser mat op dee Wee, wei s du dat maache kanns. Kanner a Jugendlecher, déi sech an hiren Iwwergäng verstanen a gutt opgehuewe fillen, erliewen hir Prozesser gewéinlech méi douce a sinn engem dankbar fir all Ënnerstëtzung.

60€/d'Stonn (hTVA)

MenarcheGirl.jpeg

Meedercherskrees
Eng Rees duerch de weiblechen Zyklus

De Meedercherskrees ass fir dech geduecht, wann s du méi iwwert déng Reegel, däin Zyklus a déng Weiblechkeet wëlls gewuer ginn. An engem geschützte klénge Krees bidden ech adaptéiert Ritualer un, déi dech méi dreemeresch duerch däin Iwwergang leeden:

  Ukommen a sech kenneléieren

 Eng Geschicht ronderëm de weiblechen Zyklus

  De weiblechen Zyklus, d'Reegel a seng Fleeg

  D'Zyklusrad (4 Joreszäitenmodell)

 

  Paus

  Plastescht schaffe mat Modelléiermass

  Kraaftkaart "Roter Mond" vum "Miranda Gray" zéien

Ofschloss

 

De Meedercherkrees fënnt 1 x all Joreszäit Samschdes vun 14:00-17:00 bei mir zu Sëll statt. Du kanns gär eleng kommen, déng Mamm oder eng aner weiblech Bezuchspersoun matbréngen. Op menger Buchungssäit Kikudoo fënns du all d'Informatiounen an Datumer vun de Kreesser.

Meedercherskrees.png
Anchor 1
Anchor 2
bottom of page