top of page
Watercolor1.jpeg

Iwwert mech...

IMG_3301.jpeg Foto

 

Ech sinn do, fir dech drun z’erënneren, dass alles, wat s de brauchs, schonn an dir läit. Meng Roll als Doula ass net, fir dech vun eppes z’iwwerzeegen, mee fir der ze hëllefen, deng eege Wourecht z’erkennen an däi Wee mat méi Selbstbestëmmung ze goen. 

 

Gebuer ginn net nëmmen d’Kanner, mee och d’Elteren. A wéi schéi wier et, dëse Wandel méi bewosst, mat méi Léift a Vertrauen z’erliewen?

Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen. 

Nieft menger Aarbecht als Doula ënnerstëtzen ech dech och duerch bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Coursen a Workshoppen ronderëm d'Familljeliewen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehier-

fuerschung entsprécht. 

Ech begleeden dech mat engem preventiven a ressourcenorientéierte Bléck op deng ganz perséinlech Liewensrees. Mäin Zil ass, dech dobäi z’ënnerstëtzen, mat méi Vertrauen an Selbstbestëmmung duerch déi verschidde Phase vun dengem Liewen ze goen, virun allem duerch déi Momenter, déi besonnesch vill Kraaft, Rou an emotional Stabilitéit erfuerderen.

Ech bidden eng net-medezinesch an net-therapeutesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist an als wäertvoll Ergänzung zu hirer Aarbecht déngt.

​​​​​

bottom of page