top of page
Watercolor1.jpeg

Elterenzäit

Elterenzäit.jpeg Bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodung a Begleedung fir Eltere mat Kand/Kanner tëscht 0-6 Joer

Berodung

Ech ënnerstëtzen dech, wann s du vill Froen ronderëm d'Begleedung vun dengem Kand oder denge Kanner hues. Hei sinn d'Themen wouranner mir eis austausche kéinten:

 

-Kanner verstoë léieren

-Bindung stäerken

-Ritualer aféiere léieren

-Nieren (just Basics)

-Suckel

-Bëbee- a Kannerschlof no 1001 kindernacht

-Familljebett a Gesëschterbett

-Bräi, Bräifräi a selektiivt Iessen (picky eater)

-Stoffwëndelen

-Propper ginn

-Autonomiephas

-Gesëschterkanner

-Ressoucenaktivéierung bei den Elteren

-Agewinnung a d'Crèche, Précoce a Spillschoul

​

Ech hëllefen dir dech méi sécher an dénger Roll ze fillen a méi entspaant duerch den Alldag ze kommen, wat e positiven Afloss op däi gesamt Ëmfeld kann hunn.

​

60 euro/Stonn (hTVA)

056_HAUSUMSAND_6717©studioninebyjeanineunsen.jpg

Bëbeesmassage



D'harmonesch Bëbeesmassage no Bruno Walter ass eng ganzheetlech a bindungsorientéiert Massage, geduecht fir Bëbeeën tëscht 6 Wochen a 6 Méint. De Cours besteet aus enger Mëschung aus Theorie a Praxis. Du léiers all Kéiers nei Grëffer, sou dat de Cours ganz gebucht muss ginn. Du kriss och nach zousätzlech Informatiounen iwwer "BëbeeSinn" a mir schwätzen nach iwwer aner spannend Themen. Aromatherapie, Kläng a Stëmmgafele sinn och feste Bestanddeel vum Cours. No deene 6 Kéiere kann s du däi Bëbee ganz selbststänneg doheem mat där wonnerbarer rhythmescher Massagetechnik verwinnen. 

 

Buchungssäit Kikudoo

Ana.jpeg

BabySteps

De "BabySteps" ass e ganzheetlechen, bindungs- an bedierfnisorientéierte Cours, wou s du Geleeënheet kriss dech mat aner Mammen/Pappen auszetauschen an dech ze vernetzen. Dëse flotten Austauschkrees gëtt vun mir geleet an mir beschäftegen eis mat lauter Themen wei:

​

  • Entwécklung vum Bëbee am éischte Liewensjoer

  • Signaler erkennen an Bedierfnisser stëllen,

  • berouegen an tréischten

  • Suckel

  • Bindung stäerken

  • Nieren a Fläsch

  • Handling (Kineasthetics Infant Handling)

  • Droen (Droduch+Drohëllef)

  • Bëbeeschlof

  • Bëbeesmassage an Aromatherapie

  • Bräi/Bräifräi

  • Kommunikatioun

 
Parallel ginn Spillercher, Lidder, Beréierungs- an Fangerspiller ugebueden. Du kriss Villes mat op de Wee wat dech als Mamm méi sécher a méi zouversiichtlech mécht. Et deet och einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn an eng schéin Zäit an éngem gemittlegen Raum ze verbréngen.

​

Buchungssäit Kikudoo

IMG_8763.JPG

Bräi/Bräifräi Workshop

Huet däi Bëbee kéng Loscht Bräi z'iessen oder ësst däi Bëbee Bräi an du wëlls gär wësse wéi eng Méiglechkeeten et nach ginn oder du wëlls dech einfach mol informéiere kommen ier et mam Iesse lass geet? Dann bass du genee richteg. Mir kucken eis fir d'éischt d'Ënnerscheeder tëscht dem Bräi an de Stécker un a befaassen eis mat de Vir- an d'Nodeeler vun deenen zwou Methoden. Ech erklären dir op wéi eng Unzeechen du oppasse solls an dat et wichteg ass däi Bëbee ouni Bewäertung, Drock an Zwang an där sensibeler Phas ze begleeden. Du gëss och gewuer wéi eng Liewensmëttelen a Fro kommen a du wäerts am Laf vum Moie gesinn, dass d'Beikost keng esou grouss Affär ass.

 

De Workshop ass immens interaktiv. Jiddereen dierf matschaffen a seng Froe stellen. Zum Schluss kucke mir eis e puer Videoen un, déi dat Ganzt schéin ofronnen. Nom Workshop wäerts du dech méi sécher fillen a méi geloossen un déi Saach eru goen.

​

Buchungssäit Kikudoo

ZiZaZappel

Weess du net wat s du Donneschdes Moies mat dengem Kand maache solls? Ech bidden zu Sëll an engem flotten a gemittleche Kader e Spillgrupp fir Kanner tëscht 1-3 Joer un. Parallel kanns du dech am Krees mat aneren Elteren austauschen. Ech begleeden dat Ganzt mat flotten Theme wei:

​

  •  D'Entwécklung vum Kand tëscht 1-3 Joer

  •  Bezéiung amplaz Erzéiung

  •  Ressourcenaarbescht fir Elteren

  •  Autonomiephase

  •  Kannerschlof

  •  Propper ginn

  •  Iessen/Picky Eaters

  •  Agewinnung 

 

Kannermassage, Spillercher, Lidder, Fanger-, Beréierungs- a Schoußspiller stinn och um Programm. Wann s du Loscht op e flotte Spill- an Austauschmoien hues, da bass du genee richteg. Et deet och einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn an eng schéin Zäit an engem gemittleche Raum ze verbréngen.

​

Buchungssäit Kikudoo

​

​

​

214_HAUSUMSAND_6954©studioninebyjeanineunsen.jpg

Waldorfspillgrupp

De Waldorfspillgrupp bitt de Familljen um Mamerhaff an awer och Mëttwochs Moies zu Sëll an Donneschdes Mëttes um Kass Haff eng wonnerbar Geleeënheet d'Waldorfpedagogik besser kennenzeléieren an eng schéin Zäit ze verbréngen. De rhythmeschen Oflaf hëlleft de Kanner sech besser rëmzefannen a gëtt hinnen doduerjer och méi Sécherheet a Gebuergenheet.

De Spillgrupp besteet aus:

​

  • Fräispill mat Naturmaterialien an Holzspillsaachen

  • Bastelaktivitéiten fir déi Grouss

  • Spillercher, Lidder a Kreesser ronderëm d'Joreszäiten

  • Bréidercher baken an zesummen iessen

  • Fräispill dobaussen

  • Poppespill (Geschicht mat Figuren)

 

Et deet einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn, Spaass ze hunn an eng schéin Zäit an engem gemittleche Raum ze verbréngen. 

​

Info&Umeldung: Véronique Geimer - geimerv@gmail.com

IMG_0646.jpeg
bottom of page