
Schwangerschaft

An éngem éischte Gespréich kanns du dech onverbindlech informéiere kommen, wéi ech als Doula schaffen a wat ech vu Begleedungen ronderëm d'Schwangerschaft, d'Gebuert an d'Wochebett ubidden. Meng Servicer gehéieren net zu de Gesondheetsberuffer a sinn eng net-medezinesch an eng net-therapeutesch Ergänzung zu den Hiewanen hir Coursen a Begleedungen.
Meng Begleedungen ronderëm d'Schwangerschaft sinn:
Meng selbstbestëmmte Gebuert
Belly Basics
Gesëschtercours
MamiZen
Mother's Blessing

Meng selbstbestëmmte Gebuert
Gutt virbereet mécht definitiv en Ënnerscheed!
Als Doula begleeden ech dech op eng déifgräifend a besonnesch Aart a Weis a leeë mäi Fokus op traditionellem Urwëssen, al Fraewäisheeten an op eng modern, ganzheetlech Approche. Ech ginn dir Impulser mat op de Wee, wéi's du mat den Erausfuerderunge vun der Gebuert besser ëmgoe kanns.
Ech sinn do, fir dech z’ënnerstëtzen, dech z’encouragéieren an der ze weisen, dass et méiglech ass, dem natierleche Gebuertsprozess mat méi Vertrauen entgéintzegoen.
Meng Missioun ass et, dech beschtméiglechst ze begleeden an dech doran ze bestäerken, däi ganz eegene Wee mat méi Selbstvertrauen ze goen. D’Zil ass, dass du deng Gebuert mat méi Freed a Geloossenheet erliewe kanns, zesumme mat engem staarken Team un denger Säit. Ech wëll der méi Zouversiicht schenken, fir dëse wichtege, hellege Moment mat méi Rou a Selbstbestëmmung gestalten ze kënnen.
Belly Basics
D'Konzept “Belly Basics” ass vun "Einfach Eltern" an d'Liewe geruff ginn, fir Koppelen an elengerzéiend Mammen z'ënnerstëtzen méi geloossen duerch d'Wochebett reesen ze kënnen.
D’Wochebett ass e ganz besonneschen Iwwergaang, deen oft ënnerschat gëtt. Vill Leit preparéieren sech vill méi op d’Gebuert selwer fir, wéi op déi Wochen dono. Dobäi ass grad dës Zäit esou entscheedend, fir dech, däi Partner:in an däi Puppelchen.
BellyBasics® ass fir Jiddereen geduet, deen sech schonn am Virfeld méi mat deem Thema auserneen setze wëll.

Gesëschtercours
De “Gesëschtercours” vun “Einfach Eltern” bereet dech, däi Partner:in, dat “grousst Kand” oder déi “grouss Kanner” op d’Ukommen vum Bëbee vir.
Et ass fir d’éischt en Elterenowend ouni Kand/Kanner bei mir zu Sëll virgesinn. Dann fënnt en aneren Dag de Gesëschtercours mam Kand oder mat de Kanner (2,5-12 Joer) statt, wou d'Themen mat hinnen ganz kandgerecht a locker opgegraff ginn fir si op déi besonnesch Zäit virzebereeden. Nom Wochebett fënnt nach en Notreffen ouni grousst Kand oder grouss Kanner statt.

MamiZen an der Schwangerschaft
MamiZen ass eng douce ayurvedesch Ganzkierpermassage fir dech ab der 12. Schwangerschaftswoch an d'Entspanung ze bréngen.
Am Virgespréich léiere mir eis kennen an ech erkläeren dir wéi d’MamiZen Massage ofleeft fir dat s du dech besser drop aloosse kanns. Do virdrun dierfs du gären eng Kraaftkaart zéien an uschéissend kanns du dech ongeféier 90 Minutte laang vu mir verwinne loossen.
D'MamiZen Massage, de waarmen Ueleg an de Peeling bréngen dech an eng ganz déif Entspanung, déi souwuel déngem Kierper, déngem Geescht an dénger Séil gutt dinn an zum Schluss héiers du wonnerschéin Kläng, déi d'Massage schéi ofronne wäerten. Zum Schluss, féiere mir nach e kléngt Nogespréich fir nees ganz am Raum unzekommen.
Dës Massage ersetzt iwwregens keng medezinesch oder physiotherapeutesch Behandlung, mee déngt der Selbstversuergung an dem perséinleche Wuelbefanne.
150€
Rebozomassagen
An engem Rebozoduch kënnen gehaalen a masséiert ginn, fillt sech fir vill schwanger Fraen immens schéin an entspaanend un.
Rebozomassagen hu vill Virdeeler:
d’Awéckelen an e Rebozoduch oder -dicher kënnen de Kierper entspanen an de Stress immens reduzéieren
Muskelverspaanungen an der Nuque, an de Schëlleren an am Réck kënnen geléist ginn
d’Hëften an de Bauchraum kënne gelockert ginn
Duerchbluddung kann ugereegt ginn
déi douce Beweegungen kënnen och dozou bäidroën, dat emotional Spannungen ofgebaut kënne ginn an dat méi Rou an ënnerleche Fridden antrëtt
Et ass och eng wonnerbar Technik fir déi weiblech Energien (Yin) waakreg ze maachen a fir sech dran “bueden” ze kënnen. Vill Fraen profitéieren immens dovunner a fillen sech dono immens entspaant.
90€
Mother's blessing
Eng ural Traditioun gëtt nees an d’Liewe geruff fir d’schwanger Fra an de Mëttelpunkt ze stellen, ze éieren, ze bestäerken an d’Bindung mat hier oprecht ze behalen. Den Iwwergang vun der Fra zur Mamm gëtt schonn am Virfeld mat Frëndinnen an engem Fraekrees zelebréiert.
Eng "Mother's Blessing" Zeremonie ass vill méi wéi e klassescht Fest. Si kann immens déifgrënneg sinn, Fraen zudéifst beréieren a bestäerken. Si suergt fir magesch Momenter a mécht dat Fraen am Krees en onvergiesslecht Fest erliewe kënnen. D’Ritualer, déi am Fraekrees vu mir geleet ginn, gi ganz individuell op déi schwanger Fra ugepasst. Wënsch a Bedierfnisser vun der Fra stinn am Viedergrond, sou dat et fir si an hier Frëndinnen eng bezaubernd Zeremonie gëtt.
Ab 350€
Kikudoo (Fotoen)
