top of page
Watercolor1.jpeg

FraSinn a Weiblechkeet

FraSinn.jpeg

Berodung

Ech begéinen ëmmer rëm Fraen, déi méi iwwert sech selwer, hir Weiblechkeet an hiren Zyklus wëlle gewuer ginn. Si sinn op der Sich no eppes méi Déiwem, no eppes wat si besser verstinn an och méi erfëlle kann.

 

Zesumme gëtt gekuckt, wat däin Uleies ass a wat s du brauchs fir méi an déng Kraaft ze kommen. Et gëtt esou Villes z'entdecken, soudatt ech dech gären op dengem ganz individuelle Wee begleede géif.

 

60€/d'Stonn (hTVA) 

Eng magesch Rees an daï Schoussraum

Eis Gebärmutter ass net nëmmen en Organ fir d’Reproduktioun, mee et stécht nach vill méi dohannert wei ech je geduecht hunn. 

 

D’Gebärmutter, eise Kraaftzentrum ass ewéi e Schwamm a saugt alles op wat mir erliewen. Duerch dat kollektiivt Trauma ronderëm d’FraSinn, duerch d'Epigenetik, duerch d’Entkoppelung vun sech selwer, duerch traumatesch Erliefnisser, duerch staark Gefiller wéi Trauer a Roserei, duerch Dauerstress a Krankheete kënnen och weiblech Geschlechtsorganer an d’Ongläichgewiicht geroden. 

 

Fraen, déi sech ganz bewosst domat beschäftegen, kënne virbeugen, méi an hier weiblech Kraaft kommen a sou Munches an d'Heelung bréngen.

 

Verschidde Stéierunge kënne mat engem Mix vu Urwëssen, heelsam Gespréicher, matt vill Opmierksamkeet, matt gudden Intentiounen an Affirmatiounen, Rou, Wäermt, Massagen, Räucherungen, etheresch Ueleger, Fraekräider, Yoni Steaming, Yoni Eeër, Meditatiounen, Dramreesen, Nahrungsergänzungsmëttelen, Yoga, Beweegung, etc...rëm méi an d’Gläichgewiicht bruecht ginn. 

Dës Rees an däi Schoussraum wäert dech e gutt Stéck an denger perséinlecher Entwécklung weiderbréngen. Et hänkt villes zesummen an du wäerts mat der Zäit gesinn, dass du eng aner Vue op dat Ganzt kréie wäerts. Et geet hei definitiv ëm e Paradigmewiessel. 

 

D’Zil ass, dat s du Loscht kriss an dir Zäit hëls dengem “Schoussraum” Opmierksamkeet ze schenken a Guddes ze doen. Et ass sécherlech e Prozess an ech ginn dir Impulser an Ideeën mat op de Wee, déi s du doheem selbststänneg ëmsetze kanns. Du solls deng eege Ritualer fannen a mat Freed doheem praktizéiere kënnen. 
 

Buchungssäit Kikudoo

Uterus2.jpeg

Womb blessing a womb healing

D'Gebärmuttersegnung besteet aus zwou energetegen Massagen fir déngem Schoussraum Guddes ze doen. Fir d'éischt maache mir eng Gespréichsronn fir unzekommen. Uschléissend dierfs du eng Kraaftkaart zéien. Dono géif ech eng Dramrees vum Miranda Grey mat dir maachen an zum Schluss kriss du eng "Womb blessing" an eng "Womb healing" Massage gemaach. Fir d'Zeremonie ofzeschléissen dierfs du nach déng Erfarung deelen. 

 

Hei sin d'Virdeeler vun deenen zwou Massagen:

 

Womb blessing

 

  • Aktivéierung vun deenen 3 weiblechen Energiezentren am Schoussraum

  • Ënnerstetzung fir en neit Bewosstsäin ze kréien wat d’Weiblechkeet ugeet

  • Ënnerstëtzung fir e neit Zyklusbewosstsäin ze kreien

  • Gläichgewiicht am menstruellen Zyklus an an de Wieseljoeren

  • Musteren a Blokaden opdecken a lassloossen

  • Harmoniséierung vum Schoussraum

  • Erdung an Zentréierung

  • Léift zu sech selwer

  • Fridden, Entspanung

​

Womb healing

 

  • Aktivéierung vun deenen 4 Archetypen

  • Aktivéierung an Harmoniséierung vum Energiefloss am Schoussraum mam Fokus op d’Archetypen

  • Gläichgewiicht am menstruellen Zyklus an an de Wieseljoeren

  • Ënnerstëtzung fir e neit Bewosstsäin ze kréien wat déi weiblech Energien uginn

 

90€(hTVA)

​

MamiZen Massage

MamiZen ass eng ayurvedesch Ganzkierpermassage mat Dehnungsübung, déi ongeféier 90 Minutten dauert. D'Massage, d'Musik, d'etheresch Ueleger, de Peeling an zum Schluss d'Kläng bréngen dech an eng ganz déif Entspanung, déi souwuel déngem Kierper, déngem Geescht an dénger Séil gutt doë wäerten.

​

D'Virdeeler vun der MamiZen Massage:

​

  • aktivéiert de Lymphsystem an den -drainage

  • verbessert Duerchbluddung an de Stoffwiessel

  • rengegt duerch d'Ausscheede vu Gëftstoffer

  • léist Gléckshormoner aus

  • stäerkt den Immunsystem

  • verbessert d'Schlofqualitéit

  • Anti-Aging Effekt

  • baut Stress of

​

Fir d'éischt gëtt et e Virgespréich. Du dierfs eng Kraaftkaart zeien. Uschléissend gëss du masséiert an no der Massage fënnt nach e Nogespréich statt fir nees ganz am Raum unzekommen.

​

150€ (hTVA)

​

Closing_Ceremony_LW-4.jpg

Maya Massage

D’Maya Massage ass eng äußerlech Massage fir déngem Ënnerléif Guddes ze doen. Si gëtt och nach Bauch- an Gebärmuttermassage genannt. Si wierkt präventiv an awer och, wa schonn Ongläichgewichter do sinn. Ech weisen dir wéi si geet an da kann s du se selbstänneg bei dir selwer uwenden. Du kriss och e Skript mat heem, fir dat s du d’Massage ganz selbststänneg doheem ëmsetze kanns.

 

125€ (hTVA)

Rebozo Schließungsritual

D’Rebozo “Schließungsritual”, och nach “closing the bones ritual” genannt ass eng uraal Zeremonie fir mat éngem gewëssenen Thema (Schwangerschaft, Fehlgebuert, Gebuert, Wochebett, Aarbeschtswiessel, Trennung, Trauer, Krankheet, etc...symbolesch ofzeschléissen. Den Urprong kënnt aus dem südamerikaneschen, asiateschem, afrikaneschem a slawesche Raum.

 

D’Ritual fir zB mat der Gebuert ofzeschéissen fënnt normalerweis nom Wochebett, dh fréistens no 6-8 Wochen oder och zu éngem ganz anerem Zäitpunkt statt. Du spiers wéini deen richtegen Zäitpunkt komm ass fir mat engem Thema ofzeschléissen.

 

Oflaf vum Ritual:

 

  • Zeremonie-Erëffnung

  • Kraaftkaart zeien

  • Yoni Steaming oder/an Bidde-Ritual mat Dramrees an de Schoussraum

  • Bauchmassage mat Ueleger

  • Ritual mat den Rebozodicher

  • Zeremonie-Ofschloss

 

Mat 7 Rebozodicher ginn noeneen 7 Kierperdeeler mat Hëllef vun 2 Persounen ongeféier 5 Minutten laang zesummengezunn, lassgeloos an agwéckelt fir dass du spiers dat däin Kierper (de Vortex vun der Gebuert) sech nees zou maache kann, wéi virun der Gebuert. Et kann e ganz intensivt Erliefnis sinn, wann s du dech drop aloosse kann. Thema Gebuert kann mat dëser Method symbolesch verschafft an ofgeschloss ginn.

 

Wärend der Gebuert gëtt net nëmmen de Bëbee nei gebuer, mee och du. Et ass en enormen Transformationsprozess. Dei grouss kierperlech, geeschteg a séilesch Öffnung duerch Schwangerschaft, Gebuert an Wochebett kascht immens vill Energie. Wärend dem Wochebett mëscht de Kierper sech nees lues a lues zou. D’Schliessungsritual kann dëse Prozess wonnerbar ënnerstëtzen. Sou ass d’Kapitel Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett ofgeschloss an e neit Kapitel kann ufänken. Nei Ideeën, Projeeën oder aner wichteg Saachen kënnen nees lancéiert ginn oder du kann nees méi zur Rou fannen. Et ass eng ganz individuell Rees, déi dech an dénger kierperlecher a perséinlecher Entwécklung weiderbrénge kann.

​

ab 250€ (hTVA)

​

Yoni Steaming

De "Yoni Steaming", gëtt och nach  "vaginal Sauna" oder "Dampsëtzbad" genannt. D'Wuert "Yoni" kënnt aus dem Sanskrit an ëmfaasst all déi weiblech Geschlechtsorganer. Et ass eng wonnerbar Geleeënheet déngem BeckeRaum Guddes ze doen. Den doucen Waasserdamp mat séngen wonnerbaren Kräider enspaant, rengengt, duerchblutt, entkrampft a berouegt däi ganzen System. Iers du dech op d'Yoni Steaming s Këscht sëtz, dierfs d du dir eng Kraaftkaart zeien. Uschléissend geet et mat der vaginaler Sauna weider. Ech begleeden dech mat énger Dramrees an däi SchoussRaum. Sou kann s du dech ganz op d'Ritual aloossen an dénger "Yoni" Guddes doen.

 

90€(hTVA)

​

IMG_3661.jpeg

Rebozo Massagen

Rebozo ass eng ural Traditoun aus Mexiko a Guatemala. Hiewanen an Doulaën aus deenen Regiounen benotzen zënter hier Rebozodicher fir schwanger Fraen wärend der Schwangerschaft, wärend der Gebuert an am Wochebett z’entspanen an z’entlaaschten. Mee net nëmmen schwanger Fraen profitéieren dovunn. Jiddereen op grouss oder kléng, jonk oder al. Mat den Dicher gëtt de Kierper esou rhythmesch beweegt, dat dei Technik ganz angenehm an entspaanend empfonnt ka ginn. 
 
Den Oflaf besteet aus engem Virgespréich, Massage an Nogespréich.
 
90€
(hTVA)

Yoni Eeër

D'Yoni Ee kënnt aus dem Taoismus a symboliséiert Fruchtbarkeet a Kreativitéit. Aus spiritueller Siicht ginn säit dausende vu Joren déi Edelstengeeër benotzt fir dat Fraen sech mat hirer Weiblechkeet an hirem SchoussRaum verbanne kënnen. D'Yoni Eeër kräftegen d'Beckebuedemmuskulatur, reegen Duerchbluddung an d'Libido un a kënnen och d'Fruchtbarkeet ureegen. An der Berodung dierfs du fir déischt eng Kraaftkaart zéien an dann erklären ech dir wei's du doheem mat déngem Ee däi Fruchtbarkeetsritual ëmsetze kanns. 
 
70€
(hTVA)

bottom of page