
Gebuertsbegleedung

Gebuertsbegleedung zesummen mat Hiewanen bidden ech scho säit 2019 un. Ech begleeden Hausgebuerten, Gebuertshausgebuerten a Gebuerten an der Ettelbrécker Maternité un. Eng gutt Virbereedung an e gutt Team ronderëm sech, ass essentiel fir besser Geburtserfarungen maachen ze kënnen.
Firwat mécht eng Doula wärend der Gebuert Sënn?
-
Eng Doula bitt als Vertrauenspersoun eng kontinuéierlech informativ, physesch an emotional Ënnerstëtzung wärend dem ganzen Gebuertsprozess un, onofhängech wéi laang et dauert a bleift och nach ongeféier zwou Stonnen no der Gebuert do bis de Moment komm ass fir Eddi ze soen
-
Eng Doula kann der Koppel oder der elengerzéiend Mamm hëllefen am Vertrauen ze bleiwen, wat sech positiv op de Gebuertsverlaf auswierke kann
-
Eng Doula kann d'Koppel oder der elengerzéiend Mamm informativ an och intuitiv duerch d'Gebuert guidéieren an deem si der Koppel hëlleft Ressourcen a Methoden ëmzesetzen fir méi entspaant a méi geloossen duerch de Prozess ze kommen
-
Eng Doula kann d'Koppel oder der elengerzéiend Mamm bei Interventiounen berouegen, encouragéieren a je nodeem och tréischten falls d'Gebuert net esou verlaf ass wéi erhofft
-
Eng Doula kann souwuel d'Partner:in wéi och d’Hiewan(en) entlaaschten. Si ass konstant do, berouegt, motivéiert a këmmert sech ëm kleng Saachen, déi eng grouss Wierkung kënnen hunn
-
Eng Doula kann och no der Gebuert d'Bindung tëscht den Elteren oder der elengerzéiend Mamm an dem Kand stäerken
Mat hirer roueger a vertraunensvoller Präsenz an Ënnerstëtzung kann eng Doula dozou bäidroen, dass d’Gebuert als méi e schéint Erliefnis empfonnt ka ginn.
