
Kannerwonsch

Als Doula bidden ech dir eng ganzheetlech Begleedung un, fir dech an dengem Prozess ze stäerken an z'ënnerstëtzen. Meng Kannerwonsch-Ritualer gräifen op traditionellt Urwëssen, al Fraewäisheeten, meng perséinlech Liewenserfarung an op eng modern, ganzheetlech Approche zeréck. Ech bidden eng net-medezinesch a net-therapeutesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist. Fro dir gär en onverbindlecht Gespréich bei mir un, fir mech kennenzeléieren a fir zesummen ze kucken, wéi e Ritual bei dech passe kéint!
MamiZen als Fruchtbarkeetsritual
Dëst Ritual hëlleft dir, dech déif mat dir selwer ze verbannen, Vertrauen dengem Kierper ze schenken a gläichzäiteg Ales lass ze loossen, wat dir net méi déngt. Preparéier d'Nascht a looss dech gedanklech schonn am Virfeld voll op d’Empfängnis vun enger neier Séilchen an!
​
Mir starte mat enger Gespréichsronn, fir zu Rou ze kommen a fir eis openeen anzestëmmen. Du dierfs eng Kraaftkaart zéien, déi dech op dengem Wee begleede wäert. Zesumme schaffe mir un denge perséinlechen Affirmatiounen, déi däi Kannerwonsch stäerken, däi Vertrauen verdéiwen an dech drun z'erënneren, dass alles dief sinn a säi Grond huet.
​
Duerno tauchs du an eng waarm Bidden an. Ech begleeden dech mat enger doucer Dramrees an däi Schoussraum fir Plaz ze schafen an en Nascht ze bauen.
​
No der Bidde kriss du eng ayurvedesch Ganzkierpermassage gemaach an tëschenduerch brénge mir däi Kierper mat doucë Beweegungen an d'Dehnung. Déi zäertlech Beréierungen, de waarmen Ueleg, den nährenden Peeling an déi heelend Kläng huelen dech mat an eng déif Entspanung.
​
Dëst Ritual ass e wonnerbare Begleeder, fir dech méi bewosst mat denger Fruchtbarkeet, dengem Kannerwonsch an dengem Vertrauen an d'Liewen ze verbannen, a fir lasszeloossen, wat s du net méi droe muss. Dës Massage ersetzt iwwregens keng medezinesch oder physiotherapeutesch Behandlung, mee déngt der Selbstversuergung an dem perséinleche Wuelbefanne.
ong. 4 Stonnen
250€

Maya Massage
D'Maya Massage ënnerstëtzt dech, méi eng schéi Bindung mat dengem Kierper anzegoen an dengem Beckeberäich Opmierksamkeet ze schenken. D'Zil ass dengem Schoussraum eppes Guddes ze doen.
Ech weisen dir d'Grëffer u mir selwer an du mëss se no. Du kriss e Skript mat all wichtege Schrëtt, fir dass de se och doheem weiderféiere kanns. Dës Massage ersetzt iwwregens keng medezinesch oder physiotherapeutesch Behandlung, mee déngt der Selbstversuergung an dem perséinleche Wuelbefanne.
ong. 2 Stonnen
150€ ​
Yoni Steaming
De "Yoni Steaming" gëtt och nach "vaginal Sauna" oder "Dampsëtzbad" genannt. D'Wuert "Yoni" kënnt aus dem Sanskrit an ëmfaasst all déi weiblech Geschlechtsorganer. Et ass eng wonnerbar Geleeënheet déngem Schoussraum Guddes ze doen. Den doucen Waasserdamp mat séngen wonnerbaren Kräider enspaant a berouegt däi ganzen System. Et ass e wonnerbart "Wellnessritual" fir däi Kannerwonsch och mat gudden Intentiounen z'ënnerstëtzen. Iers du dech op d'Yoni Steaming s Këscht sëtz, dierfs d du dir eng Kraaftkaart zeien. Uschléissend geet et mat der vaginaler Sauna weider. Ech begleeden dech mat énger Dramrees an däi SchoussRaum. Sou kann s du dech ganz op d'Ritual aloossen an dénger "Yoni" eppes Guddes doen.
ong. 90 Min.
90€
​

Womb healing a womb blessing
D'Gebärmuttersegnung besteet aus zwou energetegen Massagen fir déngem Schoussraum Guddes ze doen. Fir d'éischt maache mir eng Gespréichsronn fir unzekommen an fir eis openeen anzestëmmen. Uschléissend dierfs du eng Kraaftkaart zéien. Dono maachen ech d'Dramrees vum Miranda Grey mat dir an zum Schluss dauche mir zesummen an d'Welt vum "Womb blessing" an "Womb healing". Fir d'Zeremonie ofzeschléissen dierfs du nach gären déng Erfarung deelen.
Hei sin d'Virdeeler vun deenen zwou Massagen:
Womb blessing
-
Aktivéierung vun deenen 3 weiblechen Energiezentren am Schoussraum
-
Ënnerstetzung fir en neit Bewosstsäin ze kréien wat d’Weiblechkeet ugeet
-
Ënnerstëtzung fir e neit Zyklusbewosstsäin ze kreien
-
Gläichgewiicht am menstruellen Zyklus an an de Wieseljoeren
-
Musteren a Blokaden opdecken a lassloossen
-
Harmoniséierung vum Schoussraum
-
Erdung an Zentréierung
-
Léift zu sech selwer
-
Fridden, Entspanung
​
Womb healing
-
Aktivéierung vun deenen 4 Archetypen
-
Aktivéierung an Harmoniséierung vum Energiefloss am Schoussraum mam Fokus op d’Archetypen
-
Gläichgewiicht am menstruellen Zyklus an an de Wieseljoeren
-
Ënnerstëtzung fir e neit Bewosstsäin ze kréien wat déi weiblech Energien uginn
​
ong. 90 Min.
90€â€‹â€‹â€‹