top of page
Watercolor1.jpeg

Wochebett

Wochebett_edited.jpg Berodung a Begleedung no der Gebuert

Wochebettbegleedung

No der Gebuert fänkt direkt d'Wochebett un. Et ass eng Zäit fir als Famill lues a lues unzekommen, fir de Bëbee kennenzeléieren, fir d’Gebuert ze verschaffen an ze regeneréieren. 
 
Fir frëschgebake Elteren ass déi besonnesch Zäit oft en Ausnahmezoustand. Eng gutt Begleedung an Ënnerstetzung vun énger Hiewan an énger Doula kënnen d’Situatioun zum Deel vereinfachen an entlaaschten. Vill Elteren fillen sech méi sécher a méi gebuergen, wat och en positiven Afloss op dat ganzt Ëmfeld kann hunn.


Meng Begleedung am Wochebett besteet aus:
 

  • Verschaffen vun der Gebuert mat heelsame Gespréicher

  • Wuelfillmomenter fir déi ganz Famill

  • Ënnerstëtzung am Stoot

 
Informatiounen an Ënnerstëtzung:

 

  • bei der bindungs- an bedierfnisorientéierter Begleedung

  • beim Handling vum Bëbee (Kinästhetik Infant Handling)

  • fir d’Signaler vum Bëbee z’erkennen a Bedierfnisser stëllen

  • fir de Bëbee ze berouegen an ze tréischten

  • beim Nieren (just Basics)

  • zum Bëbeeschlof

  • zu de Stoffwëndelen

  • zum Droen

  • zu der Bëbeemassage

  • zu der Gesëschterroll


Insgesamt kann eng Doula den Iwwergang zum Familljeliewen entlaaschten an den Elteren hëllefen méi selbstsécher duerch den Alldag ze kommen.

Rebozo Schließungsritual

D’Rebozo “Schließungsritual”, och nach “closing the bones ritual” genannt ass eng uraal Zeremonie fir mat éngem gewëssenen Thema symbolesch ofzeschléissen. Den Urprong kënnt aus dem südamerikaneschen, asiateschem, afrikaneschem a slawesche Raum.
 
D’Ritual fir zB mat der Schwangerschaft a mat der Gebuert ofzeschéissen fënnt normalerweis nom Wochebett, dh fréistens no 6-8 Wochen oder och zu éngem ganz anerem Zäitpunkt statt. Du spiers wéini deen richtegen Zäitpunkt dofir komm ass.

 

Oflaf vum Ritual:

 

  • Zeremonie-Erëffnung

  • Wochebetttéi oder en aneren passenden Téi

  • Kraaftkaart zeien

  • Bidde-Ritual oder/an Yoni Steaming mat Dramrees an de Schoussraum

  • Bauchmassage

  • Ritual mat den Rebozodicher

  • Zeremonie-Ofschloss

 
Mat 7 Rebozodicher ginn noeneen 7 Kierperdeeler mat Hëllef vun 2 Persounen ongeféier 3 Minutten laang zesummengezunn, lassgeloos an agwéckelt fir dass du spiers dat däin Kierper (de Vortex vun der Gebuert) sech nees zou maache kann, wéi virun der Gebuert. Et kann e ganz intensivt Erliefnis sinn, wann s du dech drop aloosse kanns. Thema Gebuert kann mat dëser Method symbolesch verschafft an ofgeschloss ginn.
 
Wärend der Gebuert gëtt net nëmmen de Bëbee nei gebuer, mee och du. Et ass en enormen Transformationsprozess. Dei grouss kierperlech, geeschteg a séilesch Öffnung duerch Schwangerschaft, Gebuert an Wochebett kascht immens vill Energie. Wärend dem Wochebett mëscht de Kierper sech nees lues a lues zou. D’Schliessungsritual kann dëse Prozess wonnerbar ënnerstëtzen. Sou ass d’Kapitel Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett ofgeschloss an e neit Kapitel kann ufänken. Nei Ideeën, Projeeën oder aner wichteg Saachen kënnen nees lancéiert ginn oder du kann nees méi zur Rou fannen. Et ass eng ganz individuell Rees, déi dech an dénger kierperlecher a perséinlecher Entwécklung weiderbrénge kann.

​

ab 250€ (hTVA)

Wochebett_edited.jpg
bottom of page