top of page
Watercolor1.jpeg

Gebuertsberichter

Bericht Amaury

Amaury, Gebuertshaus Mäerzeg

...den Dag drop hun d’Wéien Mëttes rem ugefaangen, mee eist Vertrauen op daat déi richteg Wéien wieren war gebrach. Mir waren teschend zwou Dieren, entweder bis moies waarden oder méiglecherweis fir näischt rem eng Stonn Route man. Ech wosst selwer net méi wéi ech menger Fra sollt weiderhellefen, well ech d’Gefill haat daat all meng Méi vum Dag virdrun fir näischt waren. 
 
Mir hun eis dofir entscheed d’Stéphanie ze froen, op hatt spontan “kuez” kéint laanschtkommen. Daat war eng entscheedend Décisioun. Ab dem Moment wou d’Stéphanie duerch d’Dier gaangen ass huet hatt dofir gesuergt daat mir eng schéin, sënnlech Atmosphäre haaten an rem Vertrauen kruten. Hatt haat super Méthoden, vun der Musek an Beliichtung, etheresch Ueleger bis d’Massagen, Rebozo an Spinning Babies. Zwou Stonnen drop sin mir mam Stéphanie eng zweet Kéier op Mäerzeg gefuer. Hatt konnt eis genau soen, wéini de Moment war ze fueren an mir sin mat méi Vertrauen an d’Gebuertshaus gaangen.
 
Ouni eis Doula haat ech d’Gefill, dat ech alles an d’Hand misst huelen fir sou gudd wéi méiglech ze begleeden an no der Enttäuschung vun en Méinden war ech wieklech frou, dat een Deel vun der Laascht fort war. Et mierkt een direkt daat d’Stéphanie joerelaang Erfahrung an eng grouss Sensibilitéit fir Menschen huet. Hatt ass sou eng Persoun bei där een sech suguer no enger kuerzer Zait soen kann: “him kann ech blann vertrauen”.
 
D’Stéphanie an d’Hiewan vun Mäerzeg schaffen mat vill Komplizitéit a Vertrauen zesummen. Hand an Hand ergänzen si sech an mir hun zu 3 menger Fra gehollef eng Gebuert vun 14 Stonnen positiv z'iwwerstoen. Dilatatiounsphase ass mir vun halwer 2 an der Nuecht bis halwer 7 Moies nach zimlech séier virkomm. Dank dem Stéphanie konnt ech mech eng hallew Stonn ausrouen an wosst daat meng Fra a gudden Hänn wier. D’Hiewan konnt sech och ausrouen fir bei den wichtegsten Momenter ze 150% dobai ze sin.
 
No der zimmlech kuerzer Transitiounsphas, hunn ech mer naïv gesoot “ok, lo kommen d’Pressweien an dann ass de Bébé virum Frühstück do, also kann ech gläich Croissants siche goen”. Ech hu mech awer sou geiirt…
 
De Kapp vum Bébé ass dunn am Becken net weiderkomm an mir wossten net genau firwaat. D’Hiewan ass dovunner ausgaangen, dat wéi bei villen Eischtgebuerten de Bébé nach net gudd ënnert d’Symphyse kennt. Mat allen méiglechen Techniken an Positiounen hu mer Stonnen an Stonnen laang probéiert. Ech hatt als Mann schon no dräi Stonnen baal all Hoffnung verluer, mee wou ech gesin hun wéi gudd d’Stéphanie an d’Manuela zesummen geschafft hun, huet mer dat Kraaft gin an mir hun eis ze 3 super koordinéiert. 
 
Sou eng stäerkend an positiv Atmosphär hun ech nach ni materliewt. De Bébé ass no 8 Stonnen Presswéien (!) um 14:36 op d’Welt komm. D’Häerztéin waren ëmmer super gutt an dat huet eis all immens berouecht. Wann dat net de Fall gewiecht wier, hätte mir missen eriwwer an d’Spidol transferéiert ginn. 
 
Ech hun dunn zum Schluss de Kapp all Millimeter weidergoe gesin an hun main eegene Jong konnten selwer opfänken. Et huet sech erausgestallt, dat d’Nuebelschnouer kuerz war, ronderem den Hals an ronderem den Aarm gerullt war. D’Hiewan huet se lass gemaach an alles war an der Rei. 
 
Dank dem onendlechen Vertrauen an der Gedold vum beschten Team, deen een kéint dreemen, ass aus enger net evidenter Gebuert en onglaublechen Erliewniss ginn, deen eis all fir ëmmer stäerke wäert.” 

Anchor 2

Deborah, Gebuertshaus Mäerzeg

D’Stéphanie an d’Hiewan Manuela aus dem Gebuertshaus Mäerzeg stounge mir virun, während a no der Gebuert vu mengem zweete Bëbee ënnerstetzend zur Säit.

Duerch de Cours “Meng selbstbestëmmte Gebuert” an deem et eng harmonesch Balance tëscht deene verschidden Themenberäicher ginn ass, hunn ech mech prett gefillt, fir de groussen Dag voller Vertrauen a mech, mäi Kierper a mäi Bëbee z‘erliewen.

Den Dag wou et lass gaangen ass, ass d‘Stéphanie bei mech heem komm, wou mir zesummen gemittlech d’Zäit verbruet hunn an entscheed hunn, wéini et Zäit wor, fir op Mäerzeg an d‘Gebuertshaus ze fueren. Dës Ënnerstetzung doheem wor fir mech immens wäertvoll an huet mer Sécherheet ginn. Ënnert der Gebuert hunn d’Hiewan, mäi Mann an d’Stéphanie mir dobäi gehollef u mech, mäi Bëbee an an de gesamte Prozess ze gleewen. Ëmmer rem hunn si mech drunn ërennert, déi primär Bedierfnisser, sou wéi mir se am Cours duerchgaange sinn, z’erfëllen fir bei Kräften ze bleiwen. Duerch ménger Doula hir léif Begleedung konnt ech besonnesch während der leschter intensivster Phase, wou de Gebuertsueleg amasséiert gouf, duerchhaalen. Ech sinn dankbar a gléckleg, déi natierlech an kraaftvoll Gebuert konnten z‘erliewen, déi ech mir ëmmer gewënscht hat.

Anna, Ettelbrécker Maternité 

...de Cours "Meng selbstbestëmmte Gebuert" beim Stéphanie huet mir immens gutt gefall, well mir am Cours bewosst ginn ass, wéi wichteg eng Bindung zum Bëbee och schon während der Schwangerschaft ass. Et hat eis an der Koppel och gutt gedo, dëse Cours zeummen ze maachen. Sou haate mir bewosst Zäit fir eis mat dësem Thema ze beschäftegen. Duerch de Cours hunn mir eis gutt op d’Gebuert firbereet gefillt. Gläichzäiteg hunn ech heiheem all Dag Mentaltraining gemaach, fir esou ze léieren fir mech während der Gebuert ze entspanen.

Den Dag vu mengem eegenen Gebuertsdag, 2 Deeg firum ET, hunn ech mech nach immens fit gespuert, soudass ech amfong net dermatt gerechent hat, dat et gläich géing lassgoen. Ech hunn deen Dag mëttes e laange Spazéiergang eleng duerch de Bësch gemaach. Ënnerwee krut ech en Uruff dat ech lo all 2. Dag an de CTG komme misst. Dorop hat ech awer keng Loscht an ech sot mengem Bëbee, dat hien lo roueg komme sollt.

Owes hunn ech dunn déi éischt Wellen gespuert, déi lues a lues ëmmer méi staark goufen. Géint 22:00 sot mäi Mann: « Ech mengen mir ginn elo raschten ». Dëst hu mir dunn och gemaach, mee ganz schnell sinn ech erwäscht, well d’Wellen ëmmer méi staark goufen. Um 1:00 hunn ech heen erwäscht an ech sot him dat et haut sou wäit wier. Heen huet sech ëm alles gekëmmert, huet alles agepackt, mir eng Bidden alafe geloos, eng Zopp gewiermt an d’Grousselteren kontaktéiert. Ech hu mech just op mech an de Bëbee konzentréiert an hu probéiert ganz roueg d’Wellen ze verotmen. Um 6:00 si mir an d’Maternité gefuer, net well d’Wellen immens staark waren, mee well ech mech doheem net méi wuel gefillt hunn. Ech wollt net dat mäi Meedchen géif erwäschen wann mir nach heiheem wieren. Ënnerwee hunn ech gemierkt dat et déi richteg Entscheedung war, well d’Wellen sinn séier ëmmer méi staark ginn.

An der Maternité sinn ech ganz léif vun den Hiewannen empfange ginn a koum direkt an d’Salle d’accouchement. Si hu mech ganz douce ënnersicht an ech krut e CTG gemaach, während deem ech mech déi ganzen Zäit fräi beweegen konnt. Ech war schon op 7cm a si hunn eis dunn alleng gelooss.

Dat ganzt Personal war immens léif a verständnisvoll. Si haten mäi Gebuertsplang gelies an hun all meng Wënsch respektéiert. Si hu mech duerno net méi ënnersicht an ech misst de CTG-Gurt och net déi ganzen Zäit unhalen. Mäi Wonsch war et och nees eng Waassergebuert ze erliewen an ech konnt selwer entscheeden wéini ech an d’Bidde goe wollt. Zum Schluss huet mäi Mann och dierfen mat ran fir mech sou besser stäipen a masséieren ze kennen. Dat huet mir immens gehollef. An der Bidden konnt ech mech gutt tëschent de Wellen entspanen an hu versicht während de Wellen an eng vertikal Positioun ze goen.

Obwuel d’Schlussphas sech e bësse méi laang higezunn huet, konnt ech bis ganz zum Schluss an der Bidde bleiwen. Souwuel d’Hiewannen wéi och d’Doktesch hunn net aktiv intervenéiert, mee si waren einfach do, hu mer heiansdo léif zougesprach an hunn eis 3 gewärde gelooss. Hir Rou huet mir ëmmer nees d’Gewëssheet ginn dat alles ok wier. No enger bësse méi ustrengender letzter Phase konnt ech eist Kand dunn endlech kuerz firun 10:00 a meng Ärm huelen. Dat ass einfach dat schéinsten Gefill wat ech a mengem Liewen erlieft hunn! Och mäi Wonsch, kee kënschtleschen Oxytocin präventiv no der Gebuert gesprëtzt ze kréien, gouf vun hinnen respektéiert.

No der Bidden konnt ech hien ganz entspaant op mäi Bauch leeën an hee vum selwen bei d’Broscht krabbelen loossen. Wou hien duerno gewien a gemoos gouf, konnten si hieren Aaen bal net trauen an hunn hien 3x op d’Wo geluecht fir ze kontrolléieren op d’Wo och richteg géif weien. Heen hat nämlech 5kg a war 55cm laang (hee gouf am Viraus op 3,8 kg geschätzt).

D’Doktesch sot den Dag drop just zu mir: « Gut, dass wir das nicht wussten! » Deem konnt ech hier nëmmen zoustëmmen! Ech hätt secher keng sou entspaanten Gebuert gehat, wann ech dat gewosst hätt. Heiraus hunn ech geléiert, dat et heinsdo besser ass, wann een net alles am Viraus weess an dat ee sengem Kierper einfach vertraue kann!

Ech sinn immens stolz dat ech dës Gebuert esou gutt zesumme mat mengem Partner gemeeschtert hunn an ech sinn richteg frou iwwert meng Entscheedung fir dës Gebuert op Ettelbreck gewiesselt ze sinn. Ech kann nëmmen positives vun dëser Maternité verzielen. A merci Stéphanie, dats du eis sou gutt begleet a virbereet hues!

IMG_4430_edited.jpg
Kim, Gebuertshaus Mäerzeg
Nodeems ech gewuer gin sin, dat ech schwanger wier, war meng éischt Fro, wou ech dëse klengen Mënsch géif op d’Welt brengen. Mein Mann an ech fillen eis an daer traditioneller Schoulmedizin schon laang net méi richteg opgehuewen a mir hun oft Leisungen op méi alternativen Weeër gesicht. Wéi d’Liewen et sou wollt, haat ech dat grousst Gléck, dat méng Frendinn Carine aus dem Lapidibus-Shop, mech direkt op déng Arbescht opmierksam gemaach huet. 
 
Däi Cours "Meng selbstbestëmmte Gebuert", deen s du mat vill Léift opgebaut hues, huet mech direkt ugeschwat an mir hun puer Deeg drop mateneen telefonéiert. Du wars mir op der Sekonn symphatesch an ech hun mech richteg gutt opgehuewen gefillt. Du huers och vum Geburtshaus Mäerzeg an Däitschland erzielt an mäi Mann an ech hun eis do direkt e Rdv geholl.

Deen éischte Besuch am Gebuertshaus, huet eis Erwaardungen iwwertraff. Eis huet d’Manuela, eng waarmhäerzesch, humorvoll an oppe Fra erwaard, déi eis all Zweifel zum Thema Schwangerschaft an Geburt geholl huet. Och d’Gebuertshaus selwer an seng Räimlechkeeten sinn einfach magesch. Et ass alles perfekt vir eng Geburt ausgeluecht an trotzdem huet een d’Gefill doheem ze sinn. Déi Virstellung eleng mam Manuela an mat mengem Mann an engem „heemlechen“ Kader eise Jong op d’Welt ze brengen, war perfekt an am Endeffekt, dat Bescht wat eis konnt gescheien. Mir hun eis richteg op den Dag vun der Geburt gefreet an mir sinn mat grousser Energie heem gefuer.
 
Duerch verschidde Bicher sinn ech dunn an d’Welt vun der „Natierlecher Geburt“ komm. Ech hun sou vill iwert de weibleche Kierper, d’Schwangerschaft, de Geburtsprozess, d’Gebuert an di Zäit dono geleiert. Ech hunn déi éischt Keier a mengem Liewen heiren, dat Gebuet näischt schmäerzhaftes muss sinn an dat et wahnsinneg vill Afloss op d’Kand an op d’Mamm huert, wéi 
d‘Gebuert verleeft. Ech kruut den neidegen „Know-How“, wat wichteg ass, fir dat eng Fra kann eng schéin an onkomplizéiert Geburt erliewen.
 
Mir ass bewosst gin, wisou et sou vill traumatesch Gebuerten ginn an wat d’Konsequenzen dovunn kënne sinn. Et war e groussen Challenge fir mech, all déi Saachen, déi ech dobäi geleiert hun, ëmzesetzen. 
 
Deng „Häerzens-Couren“ an déi gemittlech, magesch Atmosphär bei dir doheem, waren dozou eng wonnerbar, prägend Ergänzung an Erfarung. All daat, wat s du mat vill Energie de Fraen an och hiren Partneren vermëttels, hues du selwer schon erlierft an vir dech gepréift. 
 
Deng Erfarungen als Mamm an Doula an och die Erliefnisser vun all deenen villen Fraen, déi s du schonn begleet hues, sinn dat perfekte Beispill dofir, dat eng Geburt eppes schéines, selbstbestëmmtes, fräies an intuitives ka sinn.
 
An Zäiten wou ech mech net sou gutt gefillt hun oder Zweifel haat, huet mer déi Zäit bei dir ëmmer ganz gutt gedo an mech gestäerkt. Mat dénger Emphatie an dénger Häerzlechkeet vermëttels du de Fraen, wéi wichteg et ass, rëm a seng Kraaft ze kommen, u sech ze gleewen, sech selwer ze vertrauen an säi Wee ze goen.

Du hues mir och bewosst gema, dat déi Gebuert vu méngem Jong, eng Néigeburt vir mech kéint sin. Eng natierlech Geburt wier eng wahnsinneg grouss Grenzerfahrung, déi vill ënnerlech Heelung an Verännerung kéint matsechbréngen.
 
Mir hu vill Stonnen zesummen verbruecht bis dat et dunn an der Nuecht zum 07.07.21 lass gang ass. Et huet alles ganz lues ugefang an huet nëmmen Schrëtt fir Schrëtt un Intensitéit zougeholl. Ech hun mech mat mengem Mann doheem zeréck gezunn an mech mental, seilesch an kierperlech op d’Geburt virbereed. Ech hun nach eng Keier vill Sachen gemaach, déi mir gutt gedoën hunn a mech voll an ganz op dat konzentréiert, wat ech geleiert haat. 
 
An der Nuecht op den 09.07.21 hun ech décideiert mat mengem Mann an d‘Geburtshaus ze fueren an dee Moment, wou mir ukomm sin, hunn ech vill Glécksgefiller emfonnt. Ech hun mech direkt wuel gefillt an op genau daer richteger Plaatz. D’Manuela huert einfach sou eng speziell Art, et mengt een, et geif een hatt schon eiweg kennen. 
 
Mir konnten nach e bessen schlofen a sin moies nach mat eisem klengen Mupp spadséire gaang, deen och duerft mat dobäi sinn. Nodeems meng Fruchtbloos dunn endlech geplatzt war, huet sech den Geburtsprozess nach eng keier intensivéiert an dunn koum de Moment, wou ech mech nëmmen nach voll a ganz op mech an eisen klengen Jong fokusséiert hun. D’Manuela an och mäi Mann hu mech dobäi einfach emphatesch, dezent an ënnerstetzend begleet, ouni mech an irgendenger Art a Weis anzeschränken. Wou eise klengen Jong d’Liicht vun der Welt erbléckst huet, duerft mäi Mann heen emfänken an mir konnten 1 1/2 Stonn ganz eleng déi éischt Zäit mateneen verbréngen an eis allen dräi kenneleiren. 
 
Och die 4 Stonnen no der Geburt waren mat sou vill Liichtegkeet an Posivitéit verbonnen a mir sinn no allen Ënnersichungen a Verpfleegungen mat onendlech ville Glécksgefiller heem gefuer.

D’Geburt an och eist Wochenbett waren die schéinst Erfahrung an méngem Liewen. D‘Hiewan, déi eis an der Zäit no der Geburt doheem begleet huet, soot ëmmer, mir géifen d’Wochenbett richteg zelebréiren. A genau dat, beschreift et am Beschten.
 
Dat ech déi grouss Chance haat, all daat iwwer Geburt ze leiren an sou gutt virbereet ginn ze sinn, ass ee grousst Geschenk vum Liewen. Ech sinn vu Häerzen dankbar, dat ech eng Geburt erlierft hun, déi net traumatesch war an dat ech och déi Zäit no der Geburt genéissen konnt.
 
Trotzdem ass et wichteg ze betounen, dat och meng Geburt „Arbescht“ war an ech sin oft un meng Grenzen gestouss. Déi kierperlech a mental Empfannungen sinn enorm an et war sécher net ëmmer liicht. Mee den Fait, dat ech ouni Drock, ouni Interventiounen vu baussen, fräi an selbstbëstemmt an engem heemlechen Kader konnt gebären, huet mir villes vereinfacht an et eng onvergiesslech Erfahrung draus gemaach.
 
Déi Arbescht, déi s du mess, léift Stéphanie, ass e grousst Geschenk un eis Fraen. An du haas ganz Recht, wie du soos, d’Geburt geif villes veränneren, virun allem am Ënneren. Et war net nëmmen d’Geburt vun eisem wonnerbare Jong, et war och eng Néigeburt vir eis. An ech wënschen mer, dat ëmmer méi Fraen, vir eng natierlech an selbstbëstemmt Geburt kënnen sensibiliséiert ginn, dat si dierfen déi wonnerbar Erfahrung maachen an dat déi Generatiounen no eis d’Angscht virun der Geburt rëm verleiren. Merci fir alles.”
Anne, Ettelbrécker Maternité
Anchor 3

“Alles ass 2019 lass gaang mat der Gebuert vun méngem éischte Bouf. Ech wollt onbedéngt eng natierlech Gebuert erliewen obwuel, oder grad well ech dee Moment keen kannt hunn, deen mer doriwwer eppes positives konnt berichten. All meng Frendinnen, meng Schwester an souguer meng Bomi haaten eng, fir si, « schrecklech » Gebuert erlierwt.

​

Ech hun also domat ze kämpfen gehaat, wou ech an menger +/- 32. Schwangerschaftswoch gesoot kritt hun, dass de Puppelchen emmer nach net mat Kapp am Becken leit an et vun Dag zu Dag manner wahrscheinlech get, dass en sech nach gedréint kritt an, dass ech en kann natierlech op d’Welt brengen.

 

Ech hun ganz vill Saachen ausprobéiert fir dass de Puppelchen sech dréint, mee dorop gin ech elo net an. Ech haat glécklecherweis dunn ëm déi 7 Wochen Zeit fir mech mam Gedanken un e Kaiserschnatt unzefrënden. Fir mech war et, no langem iwwerleeën, nämlech keng Optioun main éischt Kand mam Hënner no vir op Welt ze bréngen. Voilà, sou ass dunn mäin éischten Jong 2019 per Kaiserschnëtt op d’Welt komm. Ech sin dankbar doriwwer, dass alles gudd gaang ass an dass mäi Jong gesond a monter op d’Welt komm ass ouni jeglech Komplikatiounen. Ech hun eis Gebuert souguer durchaus positiv empfond. D’Leit waren all super léif, déi ronderëm eis waren an ech haat näischt negatives un deem ganzen Prozess auszesetzen.

 

Am Joër 2020 sin ech dunn erem schwanger gin. Fir mech war direkt kloër : « Ech well erem e Kaiserschnëtt. Firwat sech quälen, wann et och en einfachen Wee gëtt'» Dat war meng Devise. Mee mat der Zäit hunn ech vill Frendinnen getraff déi entre temps och Mama gi sinn an eng schéin Gebuert erliewt hun. Dat huet mech zum Nodenken bruecht. Wat awer direkt kloer war, wann ech daat duerchzéien, dann just mat « professionneller Hëlef ». Ech hun bessi recherchéiert an sin op de Begrëff « Doula » gestouss. Sou ass dun e wonnerbaren Wee fier mech an mai Mann ugaang.

 

Well ech mech relativ spéit mam Gedanken auseneen gesaat hat (Enn 20. Woch), sinn mer dunn wärend 10 Wochen bal all Woch bei d'Stéphanie an de Virbereedungscours gaang. Mir hun vill geléiert, kruuten super vill mat op de Wee an hun eis super mam Thema Gebuert an och mat aaner wichteg Themen auseneen gesaat. Daat war daat Wichtegst fir kënnen d’Gebuert am Endeffekt esou ze erliewen, wéi mer et eben gemaat hun.

 

An dëser Schwangerschaft hun se eis vill Steng an de Wee geluert. Am Ufank war ech net emmer frou driwwer, bis ech festgestallt hun, dass ech mat all deenen Herausfuerderungen gewuess sinn an déi och gebraucht hun fir do unzekommen wou ech wollt hinn. Mir hun also dës Steng geholl, fier eis eng Traap ze bauen.

 

Zesummen hun mir no Léisungen gesicht. Sou dass mir - nodeems ech mäi Gespréich an engem Spidol haat fier mäin Dossier opzemaan an do meng Wënsch absolutt net respektéiert gi sinn, wéi ech mäi Kand wollt op d’Welt brengen - mäi Partner an ech, hunn dunn zesummen décidéiert, dass ech op Ettelbreck ginn fir mäi Kand op d’Welt ze bréngen.

 

Sou ass den Dag dunn komm a wat soll ech soen, all meng Méi ass belount gin. Ech haat eng wonnerschéin natierlech Waassergebuert an konnt mai Jong selwer empfänken. Ech sinn esou dankbar fir déi Erfahrung an ech wees, dass ech genee dee Wee hu misse goen, fir am Endeffekt, dat ëmzesetzen, wat ech mir virgeholl hat.

 

Haut wees ech, dass ech absolutt net prett gewiecht wier, mäin éischt Kand natierlech op d’Welt ze setzen an sinn dankbar, dass ech dës Erfahrung awer nach konnt mat méngem zweete Kand erliewen an esouvill beigeléiert hun.

​

Eent huet mech daat ganzt geléiert: och wann et net emmer einfach ass oder onméiglech schenkt eppes ze packen – et soll een ni opginn a kämpfen fir daat waat een well an dofir gëtt een schlussendlech och ëmmer belount!” 

   Carole, Bohler Maternité
Nodeems mir dem Stéphanie säi Gebuertsvirbereedungscours ofgeschloss haaten, hu mir eis immens sécher gefillt fir d’Gebuert vun eisem éischte Kand. Mir wousste wat op eis duerkomme géing a wéi mir an deene verschiddene Situatioune reagéiere sollten. Mir wossten awer och dass et oft anescht kënnt wéi ee mengt an haaten e Plang B.
 
Moies fréi um 5h50 hunn ech ee Knall a mengem Bauch gespuert a sinn doduerch erwächt, ech wosst elo ass et endlech esou wäit, de groussen Dag ass komm, meng Fruchtblos ass geplatzt. Ech haat an der Nuecht scho ganz liicht Wellen, hunn awer guer net domat gerechent dass et elo schonn esou wäit wier. Ech hu mäi Partner erwächt an him mat grousser Freed gesot dass et géing lass goen. Mir si dunn gemittlech opgestan an hunn eis prett gemaach fir an d’Maternité. 

Wärenddeems ech eng entspaanend Dusch geholl hunn, huet mäi Partner e Gebuertstéi preparéiert. Mir ware ganz relax an hunn eis einfach nëmme gefreet. Um 8h30 si mir an der Klinik Dr. Bohler ukomm. Mäi Partner huet mech net dierften era begleeden, hien huet misste virun der Dier waarde bis ech deen éischte CTG gemaach kritt hunn. Mir hunn allenzwee ee Covid Test gemaach kritt, duerno sinn ech op d’Zëmmer komm, puer Minutten drop dierft mäi Partner bei mech kommen. Mir hunn eis et gemittlech gemaach mat der Aromatherapie, gedimmter Luucht asw…
 
D’Welle waren am 4 Minutten Ofstand an ech hunn se gutt verotemt kritt. Alles war gutt an d’Freed nach ëmmer risegrouss. No an no ass de Wellenofstand erëm méi grouss ginn an ech hunn ëmmer 10 Minutten op déi nächst Well misste waarden, ech hunn déi Pause genotzt fir e bëssen ze schlofen an nach Energie ze tanken. Mir ware gedëlleg an hunn gewaart. Mäi Partner huet mech mat senger Rou ënnerstëtzt a mir vill Kraaft ginn. Zwëschenduerch huet hien ëmmer erëm Kontakt mam Stéphanie opgeholl, hatt huet eis verséchert dass alles gutt wier an eis weider gestäerkt.
 
Ech war dunn total a menger Bull an hu mech vu näischt stéiere gelooss, bis um 16h20 d’Zëmmerdier opgaangen ass fir eis matzedeelen dass ech positiv op Covid getest gi wier. Fir mech war dat ee grousse Schock an net ze verstoen, well ech grad déi lescht Wochen immens opgepasst hunn a quasi net virun d’Dier gaange sinn. Mir hunn eis Saache misste paaken a sinn an op een anert Zëmmer verluecht ginn. Mir sinn 1000 Saachen duerch de Kapp gaangen, Wat geschitt mat mengem Bëbee ? Däerf ech meng Maus op den Aarm huelen no der Gebuert ? Wat ass wann ech hatt ugestach hunn? Wat ass wann hatt krank op d’Welt kënnt?
 
Nodeems d’Hiewan mech berouegt huet a meng Froe beäntwert huet, war ech e bësse méi kloer am Kapp an hu probéiert esou gutt ewéi méiglech erëm zréck a meng Bull ze kommen. Et huet net dono ausgesi, wéi wann eise Bëbee haut nach géing op d’Welt kommen, mee éischter an der Nuecht resp. fréi Moies. Op eemol ass awer alles ganz séier gaangen.
 
Ab 19h hat ech keng Paus méi tëscht de Wellen, se hunn Non-Stop ugehal. Et mengt een et géing een et net méi packen, mee eng PDA ass fir mech trotzdeem net a Fro komm, ech hu mir a mengem Kierper vertraut. 
 
Um 20h50 sinn ech an d’Salle d’accouchement komm wou ech super léif betreit gi sinn. Ech hu meng Wéie gréisstendeels am Stoen (hängend un engem Duch) verotemt. 
 
Bei menger leschter Ënnersichung op der Brëtsch, ass alles op eemol alles immens séier gaangen. Ech hat keng Kraaft méi opzestoen an hunn decidéiert mäi Kand säitlech am Leien op d’Welt ze bréngen. Um 21h50 ass d’Doktesch komm, ech war scho matten an der leschter Phas vun der Gebuert an hunn all meng Kraaft gesammelt fir eise Bebe esou séier wéi méiglech bei eis ze hunn. Um 22h26 ass eist klengt Meedchen dunn op d’Welt komm.
 
Mäi Partner huet mech duerch seng Rou super ënnerstëtzt. Ech war net méi wierklech uspriechbar a wollt och net aus menger Bull eraus kommen, dofir huet hien alles gereegelt, genee esou wéi mir et am Virfeld am Stéphanie sengem Cours beschwat haten. Hien huet mech permanent gestäipt, ech hu mech wärend der ganzer Gebuert un him ugehal, esou dass mir eise Bebe quasi Aarm an Aarm op d’Welt bruecht hunn. Et war wonnerschéin.”
Marternité CHL
“Nodeems eist klengt A. sech scho säit der 32er Woch lues a lues wollt op de Wee maachen, war et dunn schlussendlech 6 Wochen méi spéit esou wäit. Owes de 25te Februar koumen déi éischt Unzeechen, dass et lass geet. Mir hunn eis kuerz virun 22 Auer op de Wee an d’Maternité gemaach fir ze kontrolléieren wou mir dru sinn - mat der Meenung, souwisou nach eemol kënnen Heem ze goen an nach eng Spaghetti zu Owend kënnen ze iessen, wéi amfong geplangt fir deen Dag. Et ass awer alles anescht komm. D’Hiewan an den Dokter hunn no der Ënnersichung entschloss, dass mir awer sollen dobleiwen, well et awer eventuell séier kéint goen. 
 
Géint 12 Auer sinn mir op d’Kummer komm, dee Moment hunn ech nach quasi keng Wellen verspuert, och wann de Koll schonn e Stéckelchen op war. Géint 2h00 sinn d’Wellen dunn vill méi intensiv ginn, sou dass et Zäit war fir an de Kreessall. Mat verschidden Positiounen, der Ënnerstëtzung vum A. sengem Pappa, Massagen an Ootmungen, hunn ech versicht all Well wëllkomm ze heeschen, esou gutt et gaangen ass. Dunn ass et an d’Bidde gaangen. Dat waarmt Waasser huet mir gutt gehollef an no enger hallwer Stonn war de Koll ganz op an et ass d’Zäit ginn fir déi lescht Etapp. Ab elo ass alles immens schnell gaangen. D’A. huet esou gutt matgeschafft, esou dass hatt a kierzester Zäit do war. Wéi et dunn dobausse war an op mech geluecht ginn ass, an hatt eis mat senge groussen Guckelcher ugekuckt huet, ass d’Welt vu lauter Iwwerwältegung emol kuerz fir eis stoen bliwwen. En onbeschreiflechen Dag. Merci Stéphanie fir deng grouss Ënnerstëtzung déi ganz Zäit iwwer.”
Maternité CHL

Eng Gebuert ass eppes Eemoleges, eppes wourop een sech am Viraus soll viirbereeden fir esou een onvergiesslechen Moment kennen ze hunn.  

 

Ech war schon eng Woch iwwert dem errechneten Termin an och bessi ongedelleg. Ech haat déi Deeg virdrun schon heiansdo e puer Weihen, mee den Daag selwer waar alles ganz roueg bis ech eng Stonn nom spadséieren am Nometteg d’Waasser verluer hunn. Well ech nach keng reegelméisseg Weihen gespuert hunn waar ech am Ufank ganz relax an net gestresst (bei der eischter Gebuert huet sech 12 Stonnen nom Verléieren vum Waasser nach näischt gedo. Ech hunn mer geduecht, looss mol bëssi Zäit vergoen, ech wollt och net stonnelaang an der Maternité verbréngen. No kuerzer Zait ass et dunn awer liicht lass gaang matt de Weihen. Mai Mann huet mer vigeschlo awer ze fueren, och weinst den schlechten Wiederkonditiounen (Schneifall). 

Ennerwee gouf et dunn mei konkret, all 10 Minuten eng Weih, dunn all 7 Minuten. Ech kruut d’Weihen gudd verotemt. An der Maternité ukomm, gouf ech ennersicht a waar op 3-4 cm Öffnung, dei eischt Aarbecht waar gemaach.

 

Eng Stonn drop waaren Weihen well mei intensiv, sou dat ech an Salle d’accouchement koum, wou ech haaptsächlech vun der Bidden an vum Ball profitéiert hunn fir d’Weihen am beschten k!nnen eweschzeotmen. Et goung alles zimlech seier an mäi Jong huet gutt mattgeschafft, säi Kapp huet gudd no ënne gedreckt soot mer d’Hiewan. 

 

Et ass wichteg datt een ëmmer drun denkt, dat et eng Aarbecht tëscht Mamm a Kand ass. Et muss een sech opmaan fir dem Kand de Wee fr!i ze maachen an him hellefen de Wee duerch de Becken ze meeschteren. 

 

Mai Mann huet mech ganz gutt ënnerstetzt, andeems heen de ganzen Zäit komplett fir mech do war, op méng Wënsch agaang ass, mer positiv zougeschwat huet an mer Kraaft ginn huet. Eng Persoun u senger Sait ze hunn dei dech gudd kennt ass immenz wichteg an stäerkt dech um Wee vun der Gebuert.

 

Wéi ech op 9 cm Öffnung waar huet Hiewan mer proposéiert fir ze probéieren an dei lescht Phase vun der Gebuert iwwer ze goen. Et ass dei intensivst Phase, et mengt een et hätt een keng Kraft mei, et kéint een net mei,.. an dann kennt den Instinkt deen engem seet daat Kand elo raus muss! Et sammelt een all seng Kräften zesummen, hellt déif Loft an et gëtt een alles. No 10 Minuten war mai Jong an mengem Ärm an ech war iwwerglécklech.

 

Réischt dunn huet jiddereen realiséiert dat et een grouss/schwéiert Kand wier. Den Dr haat en eng Woch vidrun op 3,5kg geschaat, schlussendlech haat mäi Kand 4,3kg. 

 

An den Méint vidrun haat ech e puer Coursen mam Stephanie, dei mir gehollef hunn mech rëm matt der Gebuert auserneen ze setzen, e puer Gedanken opzefrëschen an awer och puer nei Informatiounen matt op de Wee ze kreien. Ech fannen et wichteg sech gudd drop viirzebereeden, sou weess een wat op een duer kennt an et weess een wei eng Meiglechkeeten et ginn dei ënnerstetzend bei der Gebuert hellefen. 

 

Ausserdeem rooden ech och jidderengem sech iwwert Gebuert gutt z’informéieren an eng Gebuert soll am Bäschten selbstbestëmmt oflaafen. Et kritt een deen Dag vun der Gebuert zimlech vill Froen gestallt, Ënnersichungen gemaach, Medikamenter gesprëtzt, asw…wann een am Viraus wees wat op een duer kënnt, dann ass een manner veronsechert. Ech wënschen all den zukünfteg Mammen datt hir Gebuert zu engem positiven a scheinen Erliefniss gëtt.

Maternité Ettelbréck

“Alles ass 2019 lass gaang mat der Gebuert vun mengem éischte Bouw.Ech wollt onbedengt eng  natierlech Gebuert erliewen obwuel, oder grad well ech dee Moment keen kannt hun, dee mer doriwwer eppes positives konnt berichten. All meng Frendinnen, meng Schwester an souguer meng Bomi haaten eng, fier sie, « schrecklech » Gebuert erlierwt.

Ech hun also domat ze kämpfen gehaat wou ech an menger +/- 32. Schwangerschaftswoch gesoot kritt hun, dass de Puppelchen emmer nach net mat Kapp am Becken leit an et vun Dag zu Dag manner wahrscheinlech get, dass en sech nach gedréint kritt an, dass ech en kann natierlech op d’Welt brengen.

 

Ech hun ganz vill Saachen ausprobéiert fier dass de Puppelchen sech dréint mee dorop gin ech elo net an. Ech haat glécklecherweis dun em déi 7 Wochen Zeit fier mech mam Gedanken un e Kaiserschnatt unzefrënden. Fier mech war et, no langem iwwerleeën, nämlech keng Optioun main éischt Kand mam Hënner no vir op Welt ze bréngen. Voilà, sou ass dun main éischten Jong 2019 per Kaiserschnëtt op d’Welt komm. Ech sin dankbar doriwwer, dass alles gudd gaang ass an dass mai Jong gesond a monter op d’Welt komm ass ouni jeglech Komplikatiounen. Ech hun eis Gebuert souguer durchaus positiv empfond. D’Leit waren all super léif déi ronderem eis waren an ech haat naischt negatives un deem ganzen Prozess auszesetzen.

 

Am Joër 2020 sin ech dun erem schwanger gin. Fier mech war direkt kloër : « Ech wel erem e Kaiserschnëtt. Wisou sech quälen, wann et och en einfachen Wee get. » Dat war meng Devise. Mee mat der Zeit hun ech vill Frendinnen getraff déi entre temps och Mama gin sin an eng schéin Gebuert erliewt hun. Daat huet mech zum Nodenken beweegt. Waat awer direkt kloer war, wann ech daat duerchzéien, dann just mat « professionneller Hëlef ». Ech hun bessi recherchéiert an sin op de Begrëff « Doula » gestouss. Sou ass dun e wonnerbaren Wee fier mech an mai Mann ungaang.

 

Well ech mech relativ spéit mam Gedanken auseneen gesaat hat (Enn 20. Woch), sin mer dun wärend 10 Wochen baal all Woch bei eis Doula an de Virbereedungscours gaang. Mir hun vill geléiert, kruuten super vill mat op de Wee an hun eis super mam Thema Gebuert an och mat aaner wichteg Themen auseneen gesaat. Daat war daat wichtegst fier kënen d’Gebuert am Endeffekt esou ze erliewen, wéi mer et eben gemaat hun.

 

An dëser Schwangerschaft hun se eis vill Steng an de Wee geluert. Am Ufank war ech net emmer frou driwwer, bis ech festgestallt hun, dass ech mat all deenen Herausfuerderungen gewuess sin an déi och gebraucht hun fier do unzekommen wou ech wollt hin. Mir hun also dës Steng geholl, fier eis eng Traap ze bauen.

 

Zesummen hun mir no Léisungen gesicht. Sou dass mir - nodeems ech main Gespréich an engem Spidol haat fier main Dossier opzemaan an do meng Wënsch absolut net respektéiert gin sin, wéi ech mai Kand wollt op d’Welt brengen - zesummen décidéiert hun, dass ech op Ettelbreck gin fier mai Kand op d’Welt ze brengen.

 

Sou ass den Dag dunn komm an waat soll ech soen, all meng Méih ass belount gin. Ech haat eng wonnerschéin natierlech Waassergebuert an konnt mai Jong selwer empfänken. Ech sin esou dankbar fier déi Erfahrung an ech wees, dass ech genau dee Wee hun missten goen, fier am Endeffekt hei unzekommen.

 

Haut wees ech, dass ech absolut net prett gewiecht wier, main éischt Kand natierlech op d’Welt ze setzen an sin dankbar dass ech dës Erfahrung awer nach konnt mat mengem zweete Kand erliewen an esouvill beigeléiert hun.

Eent huet mech daat ganzt geléiert: och wann et net emmer einfach ass oder onméiglech schenkt eppes ze packen – et soll een ni opginn an kämpfen fir daat waat een well an dofier get een schlussendlech och emmer belount!” 

260.jpg
Anchor 1
Mäin Hausgebuertsbericht

“Ech hunn éng Mamm wärend der Schwangerschaft éng Zäitchen begleet an hunn mat hir zesummen Héischten an Déiften erliewt. Mir hunn eis zesummen op d’Hausgebuert virbereed, déi baal an d’Waasser gefall war. Doktesch wollt nees mat Medikamenter aleeden, well si 11 Deeg iwwert dem Termin war, mee glécklecherweis ass et net dozou komm. 

 

D’Mamm haat bei hirer éischter Gebuert éng schlecht Erfahrung mam Aleeden gemaach an huet entscheed hiert zweet Kand doheem op d’Welt ze bréngen an net mat Medikamenter ageleed ze ginn. Méindes Moies huet si dunn awer vun der Hiewan an der Praxis éng Eipollösung gemaach kritt, fir ze kucken op eppes géing gescheien. Fir si war dat absolutt ok. Am Nomëtten sinn ech bei si gefuer, well sech guer näischt gedoen huet. Si ass liicht nervös ginn un huet geduet dat et näischt méi mat der Hausgebuert géif ginn.

 

Owes hunn mir et eis gemittlech gemaach. Mir hunn d’Käerzen ugegfaang, Entspaanungsmusik gelauschtert an hunn hir Rebozo/Spinning Babies a Massagen matt gudden etheresch Uelecher proposéiert. Si konnt sech immens gutt drop aloossen an ass ëmmer méi an d’Entspaanung komm. Zum Schluss hunn mir nach e gudde Bauchwéckel matt Uelecher an mat éngem Kiischtekäresäckelchen gemaach fir dat se gutt anzéien konnten. Ech haat hir nach en extraen Edelsteen ginn fir op de Bauch, deen d’Gebuert och eventuell a Gang setze sollt. Si ass sech dunn leeë gaang an ech sinn géint Mëtternuecht heem gefuer. Éng hallef Stonn doheem, rabbelt nees den Telefon fir mir ze soen, dat et endlech géing lass goen. Mega frou hunn ech mech nees ugedoen a sinn an den Auto gesprongen a lass gefuer.

 

Bei hinnen geint 1:00 ukomm, hunn ech d’Mamm beim Canapé fonnt. Si war am gaang hir Wellen ze verotmen. Si waren richteg staark, mee si huet dat richteg gutt gemaach. Kuerz drop war och schon d’Hiewan do. De Papp war am gaang de Pool opzepompelen an dunn ass alles op eemol ratz fatz gaang. Dat mat der Waassergebuert ass dunn leider näischt méi ginn, well et einfach ze séier gaang ass. 

 

Op eemol huet si Drock no ënnen gespuert a kuerz drop war schon de Käppchen ze gesinn. Et war eppes no 2:00. Ech hunn seier e rout Duch geholl an hunn mat der Hiewan zesummen de Puppelchen opgefaang, well si am stoën accouchéiert huet. Dat wier esou éng schéin Foto ginn. Mir hunn der Mamm hire Bëbee iwwerreescht an dat war esou e magesche Moment voller Glécksgefiller fir eis all, deen ech ni méi vergiesse wäert. 

 

D’Mamm haat wieklech alles gemaach fir net mat Medikamenter ageleed ze ginn an si huet et hikritt. Si kann richteg stoltz op sech sinn a wäert nach ganz laang vun hirer wonnerschéiner Hausgebuert profitéieren kënnen. Ech gratuléieren hinnen ganz häerzlech a wënschen hinnen alles Guddes op hirem Wee a soen hinnen och villmools Merci dat ech dobäi konnt sinn.” Stéphanie.

Hausgebuert

“Meng Gebärmutter huet d Gebuert scho 24h virdrun ugekënnegt a geschafft. Um 4h30 Moies hunn di richteg Wellen ugefaang.

 

Ech hu mengem Mann Bescheed gesot an heen huet gemittlech ugefaang de Gebuertspool ze fëllen an alles prett ze maachen wärend ech uewen an d‘Bidde gung. Ech hunn der Hiewann a menger Schwëster, wat d’Kanner siche komme sollt Bescheed ginn, dass d‘Gebuert ugefaangen huet an ech mech melle géing soubal hiren Asaz gefrot wier. 

 

Ech hunn an da Bidden eppes giess fir dono Kraaft ze hunn. D’Welle koumen all 8 Minutten an ech krut se gutt verotemt. Géint 6 Auer sinn eis 2 Kanner (4&8) erwaescht a koume bei mech luussen. Si waren opgereegt, dass hir Schwësterchen sech ob de Wee gemaach huet an awer och dass si haut bei hirer Tatta Kaffi drénke kéinten. Géint 7 koumen d‘Wellen all 4/5 Minutten a si weider an da Bidde bliwwen an hu mech entspaant, verootemt a mat mengem klenge Meedche geschwat. D‘Virfreed, hat endlech am Aarm halen ze kënnen, war rieseg. 

 

Um 8h sinn ech erausgeklomm an erofgaang. Alles war prett. D‘Welle goufe lo méi intensiv a mäi Mann huet d Hiewann ugeruff.

 

Et war lo hell baussen. De Gebuertspool stung bei der Fënster mat Vue ob de Gaart an op d‘Beem, di wäiss ware vun de Minusgraden. D‘Feier a just kleng Luuchte waren un. Eise frësch obgeriichte Chrëschtbeemchen donieft huet di gemittlech Stëmmung nach komplett gemaach. 

D Hiewamm koum géint 8h50 an ech sinn de Moment an de perfekt temperéierte Pool geklomm an ech hu mech direkt rëm méi gebuerge gefillt an d‘Verootme gouf rëm mi einfach. 

Iwwert dem Gebuertspool hate mir en Droduch an e Krop gehaang wou ech mech festhale konnt a wat mir Halt ginn huet. 

 

Di 2t Hiewann ass komm. D‘Hiewannen hunn ausser no de Wellen heiansdo d’Haerztéin ze lauschteren net agegraff. Si hu mech konstant genau beobacht a mech ob mäi Gefill lauschtere gelooss. Et war roueg a si hu just lues matenee gepëspert. Ech hu gespuert wou, d Fruchtbloos geplatzt ass, de Käppche prett war fir raus an, d Presswéihen agesat hunn an hu mech gehuewen. 

 

D‘Hiewann sot ech soll selwer fille wou de Käppche wier. Des Kéier war ech ganz bei mir, mengem Kierper a bei mengem Puppelchen an et war impressionant wéi genau ech gespuert hunn wéi de Kap sech raus gedréckt huet. Di eng oder aner Presswéih weider an ech hunn den Usaz vum Käppche bausse gespuert. D‘Hiewamm huet de Damm geschützt a mat da nächster Presswéih war eist Meedchen um 9h38 op der Welt. Ech hunn hat an den Aarm geholl a sinn am Pool bliwwe bis d‘Plazenta och gebuer war. Dat allerschéinst war, dono einfach kënnen mat eisem Neigebuerenen op der Couch beim Feier ze leien. Den Damm war intakt an hat huet direkt d‘Broscht gesicht. D‘Hiewanne si bis Mëtteg bliwwen, mäi Mann huet direkt alles ewech geraumt, de Kannerdokter koum nach kuerz an dono konnte mir eis de ganze Mëtten ouni eng Stéierung zu 3 kenneléiere bis eis 2 anner Kanner Heem koumen an hir Schwësterche wëllkomm geheescht hunn. 

 

Ech sinn dankbar esou eng roueg, entspaanten a schéi Gebuert erlieft ze hunn. Et war fir eis esou wéi mir eis et virgestallt hunn. D’Gedanken un déi intensiv Momenter, déi Ambiance wäert ech fir ëmmer am Kapp behalen. 

 

Ech hat eng Klinikegebuert, eng am Gebuertshaus an eng doheem. Di éischt 2 Gebuerten waren ok. Déi Gebuert doheem awer war déi selbstbestëmmtste Gebuert, ouni Kompromisser, ouni wäit mussen ze fueren an ouni Routinnen an Agrëffer, déi den impressionanten natierleche Prozess stéieren den an eisem Kierper ofleeft wa mir et zouloossen an d’Rou hunn.” N.

Maternité Ettelbréck

"Op säi Kierper lauschteren a dru gleewen, dass en dofir gemaach as, säi Kand aus eegener Kraaft op d'Welt ze bréngen", dat waren Wierder déi schéin geklongen hunn an un déi ech sou gäer gegleewt hätt mee dat as mir Ufanks ganz schwéier gefall. Bis mir beim Stéphanie am Cours waren. Meng Ängscht sinn emgewandelt ginn an Affirmatiounen a beemol hu souguer ech dodru gegleewt.

 

Wéi dunn den 1.9.2020 Moies um halwer 6 meng Fruchtblos geplatzt as, war et mir ee Moment awer rem guer net gehäier..."A wéi solls du lo relax bleiwen? Haut as neemlech de groussen Dag!" Eng Meschung aus Panik, awer och onheemlech grousser Freed as a mir opkomm. 

Schnell awer war ech rem ganz geloossen an hunn awer zur Secherheet d'Stéphanie aus dem Bett geschellt. Hatt huet eis och nach eemol bessen berouegt an proposéiert nach eppes z'iessen, eventuell nach bessen ze raschten, eng Dusch ze huelen,... An där Zäit war mäi Mann och schon amgaang de Gebuertstéi, vun deem mir d'Rezept vum Stéphanie kruten, ze maachen. Et huet effektiv och just eng hallef bis eng Stonn gedauert, dunn hunn ech déi eischt liicht Wéihen gespuert. Se waren allerdéngs schon relativ no openee komm, soudass mir eis um halwer 9 entscheed hunn gemittlech an d'Klinik ze fueren. Ech war nach ni esou geloossen fir an d'Klinik, wéi deen Dag! An dobäi sollt ee wessen, dass ech richteg Panik firu Klinik hunn! Zu deem Zäitpunkt war ech also well a menger "Bull". Ech hu mech net aus der Rouh brénge gelooss. Nom Setze vum Baxter, enger Bluttanalyse an dem Covid Test, gung dunn irgendwéi alles immens schnell. Ech haat keen Zäitgefill. Alles rondrem mech, war wéi fortgeblosen an ech war just op mech an op mäi Kierper konzentréiert. Mäi Mann war emmer u menger Säit an all Wéih huet hee mat mir zesumme gemeeschtert. Keng Wéih as vergaang, ouni dass heen net meng Hand gehaalen oder mir e Léift Wuert zougeflüstert huet. Ouni hien, an dat soen ech ganz eierlech, wier déi Gebuert nemmen hallef sou schnell a gutt verlaaf well hee mir onheemlech vill Kraaft ginn huet. D'Stéphanie sot emmer "All Well geet eriwwer a bréngt dech e Stéck méi no bei däi Puppelchen!" An esou war et och! Eng PDA wollt ech op kee Fall well ech sou Angscht firun där Nol haat. Et musse vill Wellen gewiescht sinn mee am Endeffekt kennt et mir fir wéi wann ech mäi Puppelchen no 10 Minutten bei mir gehaat hätt. An dobäi waren trotzallem 4 Stonnen an der Klinik vergaang bis mir um 13 Auer 30 endlech eis kleng Maus konnten an den Ärem haalen.

Alles an allem war et eng extrem schéin Gebuert a firun allem eng schnell. Domat haate mir net gerechent.

Ech sinn esou glécklech, dass d'Gebuert esou verlaaf as, wéi mir eis dat vun Ufank u gewenscht haaten: natirlech, selbstbestemmt an ouni irgendeen Wéihenmettel (wat fir mech onnéidegen, zousätzlechen Stress gewiescht wier duerch meng Angscht).

 

Mir sinn eis secher dass de Cours beim Stéphanie eng richteg gutt mental Firbereedung op d'Gebuert fir eis war an dass mir bei him ganz vill Saachen konnte mathuelen, déi eis wärend der Gebuert immens gehollef hunn.

 

Merci Stéphanie fir deng oppen Art a Weis mat de Léit iwert hir Wensch a Firstellungen zu der Gebuert ze schwätzen a firun allem deng Méih, mir meng Ängscht ze huelen (well déi ware wirklech fort!!) Mir si frou bei dir am Cours gewiescht ze sinn a géifen dech jidderzäit weiderempfehlen.” C.

Maternité CHL
Maternité CHL

“Nodeems eist klengt A. sech scho säit der 32er Woch lues a lues wollt op de Wee maachen, war et dunn schlussendlech 6 Wochen méi spéit esou wäit. Owes de 25te Februar koumen déi éischt Unzeechen, dass et lass geet. Mir hunn eis kuerz virun 22 Auer op de Wee an d’Maternité gemaach fir ze kontrolléieren wou mir dru sinn - mat der Meenung, souwisou nach eemol kënnen Heem ze goen an nach eng Spaghetti zu Owend kënnen ze iessen, wéi amfong geplangt fir deen Dag. Et ass awer alles anescht komm. D’Hiewan an den Dokter hunn no der Ënnersichung entschloss, dass mir awer sollen dobleiwen, well et awer eventuell séier kéint goen. 

 

Géint 12 Auer sinn mir op d’Kummer komm, dee Moment hunn ech nach quasi keng Wellen verspuert, och wann de Koll schonn e Stéckelchen op war. Géint 2h00 sinn d’Wellen dunn vill méi intensiv ginn, sou dass et Zäit war fir an de Kreessall. Mat verschidden Positiounen, der Ënnerstëtzung vum A. sengem Pappa, Massagen an Ootmungen, hunn ech versicht all Well wëllkomm ze heeschen, esou gutt et gaangen ass. Dunn ass et an d’Bidde gaangen. Dat waarmt Waasser huet mir gutt gehollef an no enger hallwer Stonn war de Koll ganz op an et ass d’Zäit ginn fir déi lescht Etapp. Ab elo ass alles immens schnell gaangen. D’A. huet esou gutt matgeschafft, esou dass hatt a kierzester Zäit do war. Wéi et dunn dobausse war an op mech geluecht ginn ass, an hatt eis mat senge groussen Guckelcher ugekuckt huet, ass d’Welt vu lauter Iwwerwältegung emol kuerz fir eis stoen bliwwen. En onbeschreiflechen Dag. Merci Stéphanie fir deng grouss Ënnerstëtzung déi ganz Zäit iwwer.”

Hausgebuert

“Léift Stéphanie,

merci fir alles. Du hues einfach en Don genee ze wëssen wat e Mensch grad brauch a bass zum richtege Moment einfach fir een do. Intuitiv a voller Léift bass du eng Beräicherung fir all Gebuert. Och bei menger 2. Gebuert wars du u menger Säit an hues mir Sécherheet, Gebuergenheet an deng Ennerstëtzung gebueden.

Schonn ier ech ëm eppes froë konnt an heiansdo och ier ech selwer wosst, wat ech bräicht, hues du mir et schonn ugebueden. Merci fir Alles. Du bass ee wichtegen Deel, deen dozou beidreit, dat eng Gebuert déi gewësse Magie kritt an eng Mamm sech faale loosse kann." J.

bottom of page