
Elterenzäit

Berodung
Ech ënnerstëtzen dech, wann s du vill Froen ronderëm d'Begleedung vun dengem Kand oder denge Kanner hues. Hei sinn d'Themen wouranner mir eis austausche kéinten:
-Kanner verstoë léieren
-Bindung stäerken
-Ritualer aféiere léieren
-Nieren (just Basics)
-Suckel
-Bëbee- a Kannerschlof no 1001 kindernacht
-Familljebett a Gesëschterbett
-Bräi, Bräifräi a selektiivt Iessen (picky eater)
-Stoffwëndelen
-Propper ginn
-Autonomiephas
-Gesëschterkanner
-Ressoucenaktivéierung bei den Elteren
-Agewinnung a d'Crèche, Précoce a Spillschoul
Ech baséiere mech heibäi op d'Theorie vum "Attachment parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht. Duerch déi bindungs- a bedierfnisorientéiert Begleedung gëtt d'Selbstbewosstsinn, d'Selbstwäertgefill, d'Urvertrauen, d'Resilienz, d'Autonomie an déi sozial Kompetenze beim Kand enorm gestäerkt. Ech hëllefen dir dech méi sécher an dénger Roll ze fillen a méi entspaant duerch den Alldag ze kommen, wat e positiven Afloss op däi gesamt Ëmfeld kann hunn.
60 euro/Stonn (hTVA)

Bëbeesmassage
Déi harmonesch Bëbeemassage no Bruno Walter ass vill méi wéi nëmmen eng Massage. Si ass eng déifgräifend Form vun non-verbaler Kommunikatioun, déi d’Bindung tëscht Elteren a Kand immens stäerkt. Duerch déi zäertlech Beréierungen entsteet eng super Geleeënheet, fir Urvertrauen, Sécherheet a Gebuergenheet ze vermëttelen.
D’Massage hëlleft net nëmmen dobäi, Spannungen ze léisen an d’Kand zur Rou ze bréngen, mee kann och positiv Auswierkungen op d’Verdauung, de Schlofverhalen an d’kierperlecht Wuelbefannen hunn. Si ënnerstëtzt d’Entwécklung vum Nervesystem, stäerkt d’Immunitéit a kann hëllefen, Bauchkrämp ze léisen. Bebeëen léiere hiren eegene Kierper besser kennen, wat och fir hir motoresch Entwécklung wichteg ass.
Dës intim Momenter droen dozou bäi, eng staark emotional Bindung opzebauen, eng Basis, déi e Liewe laang bleift. Och fir d’Elteren ass et eng Zäit fir ofzeschalten a sech mat hirem Kand voll a ganz ze verbannen.
Ech bidden dës Massage an engem rouegen, harmoneschen a waarme Kader un - individuell oder an engem Mammekrees.

BabySteps
De "BabySteps" vun "Einfach Eltern" ass e ganzheetlechen, bindungs- an bedierfnisorientéierte Eltere-Kand Cours, wou s du Geleeënheet kriss dech mat aner Mammen/Pappen auszetauschen an dech ze vernetzen. Dëse flotten Austauschkrees gëtt vun mir geleet an mir beschäftegen eis mat lauter Themen wei:
-
Entwécklung vum Bëbee am éischte Liewensjoer
-
Signaler erkennen an Bedierfnisser stëllen
-
berouegen an tréischten
-
Suckel
-
Bindung stäerken
-
Nieren a Fläsch
-
Handling (Kineasthetics Infant Handling)
-
Droen (Droduch+Drohëllef)
-
Bëbeeschlof
-
Bëbeesmassage an Aromatherapie
-
Bräi/Bräifräi
-
Kommunikatioun
Parallel ginn Spillercher, Lidder, Beréierungs- an Fangerspiller ugebueden. Du kriss Villes mat op de Wee wat dech als Mamm méi sécher a méi zouversiichtlech mécht. Et deet och einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn an eng schéin Zäit an éngem gemittlege Raum ze verbréngen.

Bräi/Bräifräi Workshop
Eemol de Mount bidden ech en interaktiven Workshop ronderëm de Bräi an de Bräifräi un. Dëst ass eng super Geleeënheet, fir méi iwwert d’Beikost an déi kulinaresch Welt vun de klenge Butzen gewuer ze ginn.
Am Workshop kriss du eng gutt Basis vermëttelt, sou datt d’Aféierung vum Iessen méi entspaant verlafe kann. Du wärs mat der Zäit feststellen, datt d’Beikost keng gréisser Affär ass an datt et vill Méiglechkeeten ginn, fir d’Ernärung op eng gesond a flexibel Manéier unzegoen.
Nieft theoreeteschem Wëssen ginn et och praktesch Tipps, wéi’s du dengem Kand d’Iessen ouni Drock méi no brénge kanns. Du kriss och Geleeënheet, Froen ze stellen an sech mat aneren Elteren auszetauschen.
ZiZaZappel
Weess du net wat s du Freides Moies mat dengem Kand maache solls? Ech bidden zu Sëll an engem flotten a gemittleche Kader e Spillgrupp fir Kanner tëscht 1-3 Joer un. Parallel kanns du dech am Krees mat aneren Elteren austauschen. Ech begleeden dat Ganzt mat flotten Theme wei:
-
D'Entwécklung vum Kand tëscht 1-3 Joer
-
Bezéiung amplaz Erzéiung
-
Ressourcenaarbescht fir Elteren
-
Autonomiephase
-
Kannerschlof
-
Propper ginn
-
Iessen/Picky Eaters
-
Agewinnung
Kannermassage, Spillercher, Lidder, Fanger-, Beréierungs- a Schoußspiller stinn och um Programm. Wann s du Loscht op e flotte Spill- an Austauschmoien hues, da bass du genee richteg. Et deet och einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn an eng schéin Zäit an engem gemittleche Raum ze verbréngen.
Ech baséiere mech heibäi op d'Theorie vum "Attachment parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht. Duerch déi bindungs- a bedierfnisorientéiert Begleedung gëtt d'Selbstbewosstsinn, d'Selbstwäertgefill, d'Urvertrauen, d'Resilienz, d'Autonomie an déi sozial Kompetenze beim Kand enorm gestäerkt. Ech hëllefen dir dech méi sécher an dénger Roll ze fillen a méi entspaant duerch den Alldag ze kommen, wat e positiven Afloss op däi gesamt Ëmfeld kann hunn.

Waldorfspillgrupp
De Waldorfspillgrupp vun der "Waldorfschoul Lëtzebuerg" bitt de Familljen zu Sëll, um Kass Haff an um Mamerhaff eng wonnerbar Geleeënheet d'Waldorfpedagogik besser kennenzeléieren an eng schéin Zäit op deenen Plazen ze verbréngen.
De rhythmeschen Oflaf vum Spillgrupp hëlleft de Kanner sech besser rëmzefannen a gëtt hinnen doduerjer och méi Sécherheet a Gebuergenheet.
De Spillgrupp besteet aus:
-
Fräispill mat Naturmaterialien an Holzspillsaachen
-
Bastelaktivitéiten fir déi Grouss
-
Spillercher, Lidder a Kreesser ronderëm d'Joreszäiten
-
Bréidercher baken an zesummen iessen
-
Fräispill dobaussen
-
Poppespill (Geschicht mat Figuren)
Et deet einfach gutt ënner Gläichgesënnter ze sinn, Spaass ze hunn an eng schéin Zäit an engem gemittleche Raum ze verbréngen.
Info&Umeldung: Véronique Geimer - geimerv@gmail.com
