
"Meng selbstbestëmmte Gebuert"
Dëse ganzheetleche Cours bereet dech kierperlech, mental a séilesch op d’Gebuert vir.
Am Cours léiers du duerch Meditatioun, Otemtechniken, Gedankenkraaft, Lokalisatioun, Gebuertsposititiounen, Elementer aus dem Spinning Babys, Rebozo, individuell Affirmatiounen, Kraaftdéieren, Bachbléien, Aromatherapie, Edelsteng (Optioun) an nach villes méi dech besser z'entspanen an du léiers wei s du dech méi einfach op den Gebuertsverlaaf aloossen kanns.
Meng Aufgab ass dech opzeklären, dir d'Zesummenhäng an d'Gebuertsgesetzer mat op de Wee ze ginn, dir de Raum ze ginn ënnerlech ze wuessen an dir z'erklären dat et tatsächlech méiglech ass eng “schéin” Gebuert z'erliewen.
Ech kann dech souwuel op eng Klinikgebuert, wéi och op eng Gebuertshausgebuert an Hausgebuert virbereeden. Eng Gebuerts- a Wochebettbegleedung wier och méiglech.
D'Ziel vum Cours ass, dat's du mat méi Freed a méi Geloossenheet deng Gebuert erliewen kanns an dat's du op lauter Techniken zeréck gräifen kanns, déi dir hëllefe wäerten méi entspaant duerch de Prozess kommen ze kennen.
Mat der Zäit ginn ech fir dech eng Vertrauenspersoun an du kanns ëmmer op mech zeréckgräifen, falls du mech brauche géings. Eng gutt Vertrauensbasis ass wichteg fir eng gutt Zesummenaarbecht.
Schwangerschaftsmassagen (MamiZen) bidden ech och un, falls du de Besoin häss eppes Guddes fir dech an däin Bëbee ze maachen.
Am Ganzen sinn et 7 Coursen vun ongeféier 2 Stonnen virun der Gebuert an zwou Stonnen no der Gebuert fir e Réckbléck ze maachen a gutt zesummen ofzeschéissen ze kënnen.
Ech sinn relativ flexibel, wann och a Schichten geschafft muss ginn. Kontaktéier mech, falls du nach Froen hues oder e Rendezvous plangen wëlls fir mech kennen ze léieren! Ech freeë mech op dech.