top of page
Watercolor1.jpeg

Geburtsberichte

A. Geburtshaus in Merzig (D)

„Wir hatten uns für eine natürliche Geburt im Geburtshaus in Merzig entschieden und dachten, wenn wir eine Hebamme für uns alleine hätten, bräuchten wir bei der Geburt keine Doula. Es dauerte nicht lange, bis uns klar wurde, dass wir falsch lagen.

 

Am Montagabend verartmete meine Frau ihre Wellen, die immer näher kamen, bis sie nur noch 5 Minuten voneinander entfernt waren. Wir fuhren um 23:30 Uhr ins Geburtshaus und fuhren am nächsten Morgen ohne Baby nach Hause, weil es noch keine richtigen Geburtswellen waren.

 

Am nächsten Tag begannen die Wellen wieder um die Mittagszeit, aber unser Vertrauen, dass es sich um die echten Wellen handelte, war gebrochen. Ich selbst wusste nicht, wie ich meiner Frau weiterhin helfen sollte, weil ich das Gefühl hatte, dass alle meine Bemühungen vom Vortag umsonst waren. Deshalb haben wir beschlossen Stéphanie zu fragen, ob sie spontan vorbeikommen könnte. Das war eine gute Entscheidung. Von dem Moment an, als Stéphanie da war, sorgte sie dafür, dass wir eine schöne und besinnliche Atmosphäre zu hause hatten. Sie kümmerte sich um uns und wir fühlten uns rundum wohl. Meine Frau genoss die Rebozomassagen und mochte auch am unteren Rücken massiert zu werden. Die Kerzen, der Duft und die Musik halfen uns wieder zur Ruhe zu kommen und uns auf die Geburt einlassen zu können.

 

Zwei Stunden später fuhren wir gemeinsam mit Stéphanie ins Geburtshaus. Sie konnte uns genau sagen, wann es Zeit war zu fahren und wir gingen mit mehr Selbstvertrauen ins Geburtshaus. Ohne unsere Doula hatte ich das Gefühl, alles selbst in die Hand nehmen zu müssen, um meine Frau bestmöglichst zu begleiten und war froh, dass ein Teil der Last weg war.

 

Man merkt sofort, dass Stéphanie über langjährige Erfahrung hat und ein großes Gespür für Menschen verfügt. Sie gehört zu den Menschen, bei denen man schon nach kurzer Zeit sagen kann: „Ich kann ihr blind vertrauen.“ Stéphanie und die Hebamme aus Merzig sind es tolles Team. Hand in Hand ergänzen sie sich und wir drei haben meiner Frau geholfen, die 14-stündige Geburt positiv zu überstehen.

 

Die Eröffnungsphase vollzog sich eigentlich recht schnell von halb zwei in der Nacht bis halb sieben am Morgen. Dank Stéphanie konnte ich mich eine halbe Stunde ausruhen und wusste, dass meine Frau in guten Händen sei. Auch die Hebamme konnte sich ausruhen und war in den wichtigsten Momenten zu 150 % da. Nach der eher kurzen Übergangsphase habe ich mir naiv gesagt: „Ok, jetzt kommen die Presswellen und dann ist das Baby noch vor dem Frühstück da, damit ich Croissants holen kann“. Aber leider war dem nicht so... Der Kopf des Babys kam nicht unter die Symphyse und es dauerte eine Ewigkeit bis es weiter ging.

 

Wir haben stundenlang alle möglichen Techniken und Positionen ausprobiert. Als Mann hatte ich nach drei Stunden fast alle Hoffnung verloren, aber als ich gesehen habe, wie gut Stéphanie und Manuela zusammengearbeitet haben, hat mir das Kraft gegeben und wir drei haben uns sehr gut koordiniert. Eine so stärkende und positive Atmosphäre habe ich noch nie erlebt. Das Baby wurde nach 8 Stunden Presswellen um 14:36 Uhr geboren. Der Herzschlag war immer sehr gut und das beruhigte uns sehr. Wäre das nicht der Fall gewesen, hätten wir ins Krankenhaus verlegt werden müssen. Am Ende sah ich, wie der Kopf sich jeden Millimeter nach vorne bewegte und ich konnte meinen eigenen Sohn empfangen.

 

Es stellte sich heraus, dass die Nabelschnur kurz war und um den Hals und den Arm gewickelt war. Aber alles verlief einwandfrei. Meiner Frau und dem Baby ging es gut. Dank des unendlichen Vertrauens und der Geduld des besten Teams, das man sich nur vorstellen kann, ist eine nicht selbstverständliche Geburt zu einem unglaublichen Erlebnis geworden, das uns alle für immer stärken wird.“

IMG_7599_edited_edited.jpg

Deborah

„Nach meiner ersten Geburt in einer Klinik, bei der ich mich dem Kristellergriff unterziehen musste, mit deren psychischen Folgen ich lange zu kämpfen hatte, habe ich mich bewusst dafür entschieden, nach einer anderen Möglichkeit für mein zweites Kind zu suchen. Mein Wunsch war es, vom Gefühl der Ohnmacht bei der Geburt zu einem Gefühl der Stärke und Zuversicht zu gelangen.

​

So kam ich einerseits mit Stéphanie von "Haus am Sand" und mit Habamme Manuela aus dem Geburtshaus Merzig in Kontakt.

 

Durch den Kurs „Meine selbstbestimmte Geburt“, bei dem es zu einer harmonischen Balance zwischen den verschiedenen Themenbereichen kam, fühlte ich mich bereit, den großen Tag der Geburt voller Selbstvertrauen zu erleben.

 

An dem Tag, als es losging, kam Stéphanie zu mir nach Hause, wo wir es uns gemütlich gemacht haben und überlegten, wann es Zeit war ins Geburtshaus zu fahren. Diese Unterstützung zu Hause war für mich äußerst wertvoll und gab mir Sicherheit. Während der Geburt haben Manuela, mein Mann und Stéphanie mir geholfen, an mich selbst, mein Baby und den gesamten Prozess zu glauben. Immer wieder erinnerten sie mich daran, die Grundbedürfnisse zu erfüllen. Dank der liebevollen Unterstützung meiner Doula konnte ich vor allem die letzte, intensivste Phase überstehen. Ich bin dankbar und glücklich, die natürliche und kraftvolle Geburt erleben zu dürfen, die ich mir immer gewünscht habe.“

IMG_3008_edited.jpg

Anna, Ettelbrücker Mutterschaft

Kim, geboren im März

Nodeems ech gewuer gin sin, dat ech schwanger wier, war meng éischt Fro, wou ech dëse klengen Mënsch géif op d’Welt bréngen. Mein Mann an ech fillen eis an daer traditioneller Schoulmedizin schon laang net méi richteg opgehuewen a mir hun oft Leisungen op méi alternativen Weeër gesicht. Wéi d’Liewen et sou wollt, haat ech dat grousst Gléck, dat méng Frendinn Carine aus dem Lapidibus-Shop, mech direkt op déng Arbescht opmierksam gemaach huet.  

Däi Cours "Meng selbstbestëmmte Gebuert", deen s du mat vill Léift opgebaut hues, huet mech direkt ugeschwat an mir hun puer Deeg drop mateneen telefonéiert. Du wars mir op der Sekonn symphatesch an ech hun mech richteg gutt opgehuewen gefillt. Du huers och vum Geburtshaus Mäerzeg an Däitschland erzielt an mäi Mann an ech hun eis do direkt e Rdv geholl.

Deen éischte Besuch am Gebuertshaus, huet eis Erwaardungen iwwertraff. Eis huet d’Manuela, eng waarmhäerzesch, humorvoll an oppe Fra erwaard, déi eis all Zweifel zum Thema Schwangerschaft an Geburt geholl huet. Och d’Gebuertshaus selwer an seng Räimlechkeeten sinn einfach magesch. Et ass alles perfekt vir eng Geburt ausgeluecht an trotzdem huet een d’Gefill doheem ze sinn. Déi Virstellung eleng mam Manuela an mat mengem Mann an engem „heemlechen“ Kader eise Jong op d’Welt ze brengen, war perfekt an am Endeffekt, dat Bescht wat eis konnt gescheien. Mir hun eis richteg op den Dag vun der Geburt gefreet an mir sinn mat grousser Energie heem gefuer. 

Duerch verschidde Bicher sinn ech dunn an d’Welt vun der „Natierlecher Geburt“ komm. Ech hun sou vill iwwert de weibleche Kierper, d’Schwangerschaft, de Geburtsprozess, d’Gebuert an di Zäit dono geleiert. Ech hunn déi éischt Keier a mengem Liewen heiren, dat Gebuet näischt schmäerzhaftes muss sinn an dat et wahnsinneg vill Afloss op d’Kand an op d’Mamm huert, wéi d‘Gebuert verleeft. Ech kruut den neidegen „Know-How“, wat wichteg ass, fir dat eng Fra kann eng schéin an onkomplizéiert Geburt erliewen. Mir ass bewosst gin, wisou et sou vill traumatesch Gebuerten ginn an wat d’Konsequenzen dovunn kënne sinn. Et war e groussen Challenge fir mech, all déi Saachen, déi ech dobäi geleiert hun, ëmzesetzen.  

Deng „Häerzens-Couren“ an déi gemittlech, magesch Atmosphär bei dir doheem, waren dozou eng wonnerbar, prägend Ergänzung an Erfarung. All daat, wat s du mat vill Energie de Fraen an och hiren Partneren vermëttels, hues du selwer schon erlierft an vir dech gepréift.  

Deng Erfarungen als Mamm an Doula an och die Erliefnisser vun all deenen villen Fraen, déi s du schonn begleet hues, sinn dat perfekte Beispill dofir, dat eng Geburt eppes schéines, selbstbestëmmtes, fräies an intuitives ka sinn. An Zäiten wou ech mech net sou gutt gefillt hun oder Zweifel haat, huet mer déi Zäit bei dir ëmmer ganz gutt gedo an mech gestäerkt. Mat dénger Emphatie an dénger Häerzlechkeet vermëttels du de Fraen, wéi wichteg et ass, rëm a seng Kraaft ze kommen, u sech ze gleewen, sech selwer ze vertrauen an säi Wee ze goen. Du hues mir och bewosst gema, dat déi Gebuert vu méngem Jong, eng Néigeburt vir mech kéint sin. Eng natierlech Geburt wier eng wahnsinneg grouss Grenzerfahrung, déi vill ënnerlech Heelung an Verännerung kéint matsechbréngen. 

Mir hu vill Stonnen zesummen verbruecht bis dat et dunn an der Nuecht zum 07.07.21 lass gang ass. Et huet alles ganz lues ugefang an huet nëmmen Schrëtt fir Schrëtt un Intensitéit zougeholl. Ech hun mech mat mengem Mann doheem zeréck gezunn an mech mental, seilesch an kierperlech op d’Geburt virbereed. Ech hun nach eng Keier vill Sachen gemaach, déi mir gutt gedoën hunn a mech voll an ganz op dat konzentréiert, wat ech geleiert haat.  

An der Nuecht op den 09.07.21 hun ech décideiert mat mengem Mann an d‘Geburtshaus ze fueren an dee Moment, wou mir ukomm sin, hunn ech vill Glécksgefiller emfonnt. Ech hun mech direkt wuel gefillt an op genau daer richteger Plaz. D’Manuela huert einfach sou eng speziell Art, et mengt een, et geif een hatt schon eiweg kennen. Mir konnten dunn nach e bessen schlofen a sin moies nach mat eisem klengen Mupp spadséire gaang, deen och duerft mat dobäi sinn.

Nodeems meng Fruchtbloos dunn endlech geplatzt war, huet sech den Geburtsprozess nach eng keier intensivéiert an dunn koum de Moment, wou ech mech nëmmen nach voll a ganz op mech an eisen klengen Jong fokusséiert hun.

D’Manuela an och mäi Mann hu mech dobäi einfach emphatesch, dezent an ënnerstetzend begleet, ouni mech an irgendenger Art a Weis anzeschränken. Wou eise klengen Jong d’Liicht vun der Welt erbléckst huet, duerft mäi Mann heen emfänken an mir konnten 1 1/2 Stonn ganz eleng déi éischt Zäit mateneen verbréngen an eis allen dräi kenneleiren. 
 

Och die 4 Stonnen no der Geburt waren mat sou vill Liichtegkeet an Posivitéit verbonnen a mir sinn no allen Ënnersichungen a Verpfleegungen mat onendlech ville Glécksgefiller heem gefuer. D’Geburt an och eist Wochenbett waren die schéinst Erfahrung an méngem Liewen. D‘Hiewan, déi eis an der Zäit no der Geburt doheem begleet huet, soot ëmmer, mir géifen d’Wochenbett richteg zelebréiren. A genau dat, beschreift et am Beschten. Dat ech déi grouss Chance haat, all daat iwwer Geburt ze leiren an sou gutt virbereet ginn ze sinn, ass ee grousst Geschenk vum Liewen.

Ech sinn vu Häerzen dankbar, dat ech eng Geburt erlierft hun, déi net traumatesch war an dat ech och déi Zäit no der Geburt genéissen konnt.
 Trotzdem ass et wichteg ze betounen, dat och meng Geburt „Arbescht“ war an ech sin oft un meng Grenzen gestouss. Déi kierperlech a mental Empfannungen sinn enorm an et war sécher net ëmmer liicht. Mee den Fait, dat ech ouni Drock, ouni Interventiounen vu baussen, fräi an selbstbëstemmt an engem heemlechen Kader konnt gebären, huet mir villes vereinfacht an et eng onvergiesslech Erfahrung draus gemaach. 

Déi Arbescht, déi s du mess, léift Stéphanie, ass e grousst Geschenk un eis Fraen. An du haas ganz Recht, wie du soos, d’Geburt geif villes veränneren, virun allem am Ënneren. Et war net nëmmen d’Geburt vun eisem wonnerbare Jong, et war och eng Néigeburt vir eis. An ech wënschen mer, dat ëmmer méi Fraen, vir eng natierlech an selbstbëstemmt Geburt kënnen sensibiliséiert ginn, dat si dierfen déi wonnerbar Erfahrung maachen an dat déi Generatiounen no eis d’Angscht virun der Geburt rëm verleiren. Merci fir alles.”

IMG_4927_edited.jpg

Anne, Ettelbrücker Mutterschaft

“Alles ass 2019 lass gaang mat der Gebuert vun méngem éischte Bouf. Ech wollt onbedéngt eng natierlech Gebuert erliewen obwuel, oder grad well ech dee Moment keen kannt hunn, deen mer doriwwer eppes positives konnt berichten. All meng Frendinnen, meng Schwester an souguer meng Bomi haaten eng, fir si, « schrecklech » Gebuert erlierwt.

​

Ech hun also domat ze kämpfen gehaat, wou ech an menger +/- 32. Schwangerschaftswoch gesoot kritt hun, dass de Puppelchen emmer nach net mat Kapp am Becken leit an et vun Dag zu Dag manner wahrscheinlech get, dass en sech nach gedréint kritt an, dass ech en kann natierlech op d’Welt brengen.

 

Ech hun ganz vill Saachen ausprobéiert fir dass de Puppelchen sech dréint, mee dorop gin ech elo net an. Ech haat glécklecherweis dunn ëm déi 7 Wochen Zeit fir mech mam Gedanken un e Kaiserschnatt unzefrënden. Fir mech war et, no langem iwwerleeën, nämlech keng Optioun main éischt Kand mam Hënner no vir op Welt ze bréngen. Voilà, sou ass dunn mäin éischten Jong 2019 per Kaiserschnëtt op d’Welt komm. Ech sin dankbar doriwwer, dass alles gudd gaang ass an dass mäi Jong gesond a monter op d’Welt komm ass ouni jeglech Komplikatiounen. Ech hun eis Gebuert souguer durchaus positiv empfond. D’Leit waren all super léif, déi ronderëm eis waren an ech haat näischt negatives un deem ganzen Prozess auszesetzen.

 

Am Joër 2020 sin ech dunn erem schwanger gin. Fir mech war direkt kloër : « Ech well erem e Kaiserschnëtt. Firwat sech quälen, wann et och en einfachen Wee gëtt'» Dat war meng Devise. Mee mat der Zäit hunn ech vill Frendinnen getraff déi entre temps och Mama gi sinn an eng schéin Gebuert erliewt hun. Dat huet mech zum Nodenken bruecht. Wat awer direkt kloer war, wann ech daat duerchzéien, dann just mat « professionneller Hëlef ». Ech hun bessi recherchéiert an sin op de Begrëff « Doula » gestouss. Sou ass dun e wonnerbaren Wee fier mech an mai Mann ugaang.

 

Well ech mech relativ spéit mam Gedanken auseneen gesaat hat (Enn 20. Woch), sinn mer dunn wärend 10 Wochen bal all Woch bei d'Stéphanie an de Virbereedungscours gaang. Mir hun vill geléiert, kruuten super vill mat op de Wee an hun eis super mam Thema Gebuert an och mat aaner wichteg Themen auseneen gesaat. Daat war daat Wichtegst fir kënnen d’Gebuert am Endeffekt esou ze erliewen, wéi mer et eben gemaat hun.

 

An dëser Schwangerschaft hun se eis vill Steng an de Wee geluert. Am Ufank war ech net emmer frou driwwer, bis ech festgestallt hun, dass ech mat all deenen Herausfuerderungen gewuess sinn an déi och gebraucht hun fir do unzekommen wou ech wollt hinn. Mir hun also dës Steng geholl, fier eis eng Traap ze bauen.

 

Zesummen hun mir no Léisungen gesicht. Sou dass mir - nodeems ech mäi Gespréich an engem Spidol haat fier mäin Dossier opzemaan an do meng Wënsch absolutt net respektéiert gi sinn, wéi ech mäi Kand wollt op d’Welt brengen - mäi Partner an ech, hunn dunn zesummen décidéiert, dass ech op Ettelbreck ginn fir mäi Kand op d’Welt ze bréngen.

 

Sou ass den Dag dunn komm a wat soll ech soen, all meng Méi ass belount gin. Ech haat eng wonnerschéin natierlech Waassergebuert an konnt mai Jong selwer empfänken. Ech sinn esou dankbar fir déi Erfahrung an ech wees, dass ech genee dee Wee hu misse goen, fir am Endeffekt, dat ëmzesetzen, wat ech mir virgeholl hat.

 

Haut wees ech, dass ech absolutt net prett gewiecht wier, mäin éischt Kand natierlech op d’Welt ze setzen an sinn dankbar, dass ech dës Erfahrung awer nach konnt mat méngem zweete Kand erliewen an esouvill beigeléiert hun.

​

Eent huet mech daat ganzt geléiert: och wann et net emmer einfach ass oder onméiglech schenkt eppes ze packen – et soll een ni opginn a kämpfen fir daat waat een well an dofir gëtt een schlussendlech och ëmmer belount!” 

Carole, Bohler Mutterschaft

IMG_0099_edited_edited.jpg

 

Hausgebuert

 

“Meng Gebärmutter huet d Gebuert scho 24h virdrun ugekënnegt a geschafft. Um 4h30 Moies hunn di richteg Wellen ugefaang.

 

Ech hu mengem Mann Bescheed gesot an heen huet gemittlech ugefaang de Gebuertspool ze fëllen an alles prett ze maachen wärend ech uewen an d‘Bidde gung. Ech hunn der Hiewann a menger Schwëster, wat d’Kanner siche komme sollt Bescheed ginn, dass d‘Gebuert ugefaangen huet an ech mech melle géing soubal hiren Asaz gefrot wier. 

 

Ech hunn an da Bidden eppes giess fir dono Kraaft ze hunn. D’Welle koumen all 8 Minutten an ech krut se gutt verotemt. Géint 6 Auer sinn eis 2 Kanner (4&8) erwaescht a koume bei mech luussen. Si waren opgereegt, dass hir Schwësterchen sech ob de Wee gemaach huet an awer och dass si haut bei hirer Tatta Kaffi drénke kéinten. Géint 7 koumen d‘Wellen all 4/5 Minutten a si weider an da Bidde bliwwen an hu mech entspaant, verootemt a mat mengem klenge Meedche geschwat. D‘Virfreed, hat endlech am Aarm halen ze kënnen, war rieseg. 

 

Um 8h sinn ech erausgeklomm an erofgaang. Alles war prett. D‘Welle goufe lo méi intensiv a mäi Mann huet d Hiewann ugeruff.

 

Et war lo hell baussen. De Gebuertspool stung bei der Fënster mat Vue ob de Gaart an op d‘Beem, di wäiss ware vun de Minusgraden. D‘Feier a just kleng Luuchte waren un. Eise frësch obgeriichte Chrëschtbeemchen donieft huet di gemittlech Stëmmung nach komplett gemaach. 

D Hiewamm koum géint 8h50 an ech sinn de Moment an de perfekt temperéierte Pool geklomm an ech hu mech direkt rëm méi gebuerge gefillt an d‘Verootme gouf rëm mi einfach. 

Iwwert dem Gebuertspool hate mir en Droduch an e Krop gehaang wou ech mech festhale konnt a wat mir Halt ginn huet. 

 

Di 2t Hiewann ass komm. D‘Hiewannen hunn ausser no de Wellen heiansdo d’Haerztéin ze lauschteren net agegraff. Si hu mech konstant genau beobacht a mech ob mäi Gefill lauschtere gelooss. Et war roueg a si hu just lues matenee gepëspert. Ech hu gespuert wou, d Fruchtbloos geplatzt ass, de Käppche prett war fir raus an, d Presswéihen agesat hunn an hu mech gehuewen. 

 

D‘Hiewann sot ech soll selwer fille wou de Käppche wier. Des Kéier war ech ganz bei mir, mengem Kierper a bei mengem Puppelchen an et war impressionant wéi genau ech gespuert hunn wéi de Kap sech raus gedréckt huet. Di eng oder aner Presswéih weider an ech hunn den Usaz vum Käppche bausse gespuert. D‘Hiewamm huet de Damm geschützt a mat da nächster Presswéih war eist Meedchen um 9h38 op der Welt. Ech hunn hat an den Aarm geholl a sinn am Pool bliwwe bis d‘Plazenta och gebuer war. Dat allerschéinst war, dono einfach kënnen mat eisem Neigebuerenen op der Couch beim Feier ze leien. Den Damm war intakt an hat huet direkt d‘Broscht gesicht. D‘Hiewanne si bis Mëtteg bliwwen, mäi Mann huet direkt alles ewech geraumt, de Kannerdokter koum nach kuerz an dono konnte mir eis de ganze Mëtten ouni eng Stéierung zu 3 kenneléiere bis eis 2 anner Kanner Heem koumen an hir Schwësterche wëllkomm geheescht hunn. 

 

Ech sinn dankbar esou eng roueg, entspaanten a schéi Gebuert erlieft ze hunn. Et war fir eis esou wéi mir eis et virgestallt hunn. D’Gedanken un déi intensiv Momenter, déi Ambiance wäert ech fir ëmmer am Kapp behalen. 

 

Ech hat eng Klinikegebuert, eng am Gebuertshaus an eng doheem. Di éischt 2 Gebuerten waren ok. Déi Gebuert doheem awer war déi selbstbestëmmtste Gebuert, ouni Kompromisser, ouni wäit mussen ze fueren an ouni Routinnen an Agrëffer, déi den impressionanten natierleche Prozess stéieren den an eisem Kierper ofleeft wa mir et zouloossen an d’Rou hunn.” N.

 

Ettelbrécker Maternité

 

"Op säi Kierper lauschteren a dru gleewen, dass en dofir gemaach as, säi Kand aus eegener Kraaft op d'Welt ze bréngen", dat waren Wierder déi schéin geklongen hunn an un déi ech sou gäer gegleewt hätt mee dat as mir Ufanks ganz schwéier gefall. Bis mir beim Stéphanie am Cours waren. Meng Ängscht sinn emgewandelt ginn an Affirmatiounen a beemol hu souguer ech dodru gegleewt.

 

Wéi dunn den 1.9.2020 Moies um halwer 6 meng Fruchtblos geplatzt as, war et mir ee Moment awer rem guer net gehäier..."A wéi solls du lo relax bleiwen? Haut as neemlech de groussen Dag!" Eng Meschung aus Panik, awer och onheemlech grousser Freed as a mir opkomm. 

​

Schnell awer war ech rem ganz geloossen an hunn awer zur Secherheet d'Stéphanie aus dem Bett geschellt. Hatt huet eis och nach eemol bessen berouegt an proposéiert nach eppes z'iessen, eventuell nach bessen ze raschten, eng Dusch ze huelen,... An där Zäit war mäi Mann och schon amgaang de Gebuertstéi, vun deem mir d'Rezept vum Stéphanie kruten, ze maachen. Et huet effektiv och just eng hallef bis eng Stonn gedauert, dunn hunn ech déi eischt liicht Wéihen gespuert. Se waren allerdéngs schon relativ no openee komm, soudass mir eis um halwer 9 entscheed hunn gemittlech an d'Klinik ze fueren. Ech war nach ni esou geloossen fir an d'Klinik, wéi deen Dag! An dobäi sollt ee wessen, dass ech richteg Panik firu Klinik hunn! Zu deem Zäitpunkt war ech also well a menger "Bull". Ech hu mech net aus der Rouh brénge gelooss. Nom Setze vum Baxter, enger Bluttanalyse an dem Covid Test, gung dunn irgendwéi alles immens schnell. Ech haat keen Zäitgefill. Alles rondrem mech, war wéi fortgeblosen an ech war just op mech an op mäi Kierper konzentréiert. Mäi Mann war emmer u menger Säit an all Wéih huet hee mat mir zesumme gemeeschtert. Keng Wéih as vergaang, ouni dass heen net meng Hand gehaalen oder mir e Léift Wuert zougeflüstert huet. Ouni hien, an dat soen ech ganz eierlech, wier déi Gebuert nemmen hallef sou schnell a gutt verlaaf well hee mir onheemlech vill Kraaft ginn huet. D'Stéphanie sot emmer "All Well geet eriwwer a bréngt dech e Stéck méi no bei däi Puppelchen!" An esou war et och! Eng PDA wollt ech op kee Fall well ech sou Angscht firun där Nol haat. Et musse vill Wellen gewiescht sinn mee am Endeffekt kennt et mir fir wéi wann ech mäi Puppelchen no 10 Minutten bei mir gehaat hätt. An dobäi waren trotzallem 4 Stonnen an der Klinik vergaang bis mir um 13 Auer 30 endlech eis kleng Maus konnten an den Ärem haalen.

​

Alles an allem war et eng extrem schéin Gebuert a firun allem eng schnell. Domat haate mir net gerechent.

Ech sinn esou glécklech, dass d'Gebuert esou verlaaf as, wéi mir eis dat vun Ufank u gewenscht haaten: natirlech, selbstbestemmt an ouni irgendeen Wéihenmettel (wat fir mech onnéidegen, zousätzlechen Stress gewiescht wier duerch meng Angscht).

 

Mir sinn eis secher dass de Cours beim Stéphanie eng richteg gutt mental Firbereedung op d'Gebuert fir eis war an dass mir bei him ganz vill Saachen konnte mathuelen, déi eis wärend der Gebuert immens gehollef hunn.

 

Merci Stéphanie fir deng oppen Art a Weis mat de Léit iwwert hir Wensch a Firstellungen zu der Gebuert ze schwätzen a firun allem deng Méih, mir meng Ängscht ze huelen (well déi ware wirklech fort!!) Mir si frou bei dir am Cours gewiescht ze sinn a géifen dech jidderzäit weiderempfehlen.” 

 

Maternité CHL

 

“Nodeems eist klengt A. sech scho säit der 32er Woch lues a lues wollt op de Wee maachen, war et dunn schlussendlech 6 Wochen méi spéit esou wäit. Owes de 25te Februar koumen déi éischt Unzeechen, dass et lass geet. Mir hunn eis kuerz virun 22 Auer op de Wee an d’Maternité gemaach fir ze kontrolléieren wou mir dru sinn - mat der Meenung, souwisou nach eemol kënnen Heem ze goen an nach eng Spaghetti zu Owend kënnen ze iessen, wéi amfong geplangt fir deen Dag. Et ass awer alles anescht komm. D’Hiewan an den Dokter hunn no der Ënnersichung entschloss, dass mir awer sollen dobleiwen, well et awer eventuell séier kéint goen. 

 

Géint 12 Auer sinn mir op d’Kummer komm, dee Moment hunn ech nach quasi keng Wellen verspuert, och wann de Koll schonn e Stéckelchen op war. Géint 2h00 sinn d’Wellen dunn vill méi intensiv ginn, sou dass et Zäit war fir an de Kreessall. Mat verschidden Positiounen, der Ënnerstëtzung vum A. sengem Pappa, Massagen an Ootmungen, hunn ech versicht all Well wëllkomm ze heeschen, esou gutt et gaangen ass. Dunn ass et an d’Bidde gaangen. Dat waarmt Waasser huet mir gutt gehollef an no enger hallwer Stonn war de Koll ganz op an et ass d’Zäit ginn fir déi lescht Etapp. Ab elo ass alles immens schnell gaangen. D’A. huet esou gutt matgeschafft, esou dass hatt a kierzester Zäit do war. Wéi et dunn dobausse war an op mech geluecht ginn ass, an hatt eis mat senge groussen Guckelcher ugekuckt huet, ass d’Welt vu lauter Iwwerwältegung emol kuerz fir eis stoen bliwwen. En onbeschreiflechen Dag. Merci Stéphanie fir deng grouss Ënnerstëtzung déi ganz Zäit iwwer.”

 

Hausgebuert

 

“Léift Stéphanie, merci fir alles. Du hues einfach en Don genee ze wëssen wat e Mensch grad brauch a bass zum richtege Moment einfach fir een do. Intuitiv a voller Léift bass du eng Beräicherung fir all Gebuert. Och bei menger 2. Gebuert wars du u menger Säit an hues mir Sécherheet, Gebuergenheet an deng Ennerstëtzung gebueden.

Schonn ier ech ëm eppes froë konnt an heiansdo och ier ech selwer wosst, wat ech bräicht, hues du mir et schonn ugebueden. Merci fir Alles. Du bass ee wichtegen Deel, deen dozou beidreit, dat eng Gebuert déi gewësse Magie kritt an eng Mamm sech faale loosse kann." 

IMG_4483_edited.jpg
bottom of page