top of page
hus_dDoula.jpg

Gebuertsbegleedung

 

Et ass méiglech dech och wärend der Gebuert ze begleeden. Ech bleiwen wärend der Gebuert konstant do an ënnerstëtzten dech wann gewënscht mat ganzheetlechen Methoden fir méi entspaant duerch de Gebuertsverlaaf ze kommen. Ech kucken, dat dei primär Bedierfnisser bei dir an déngem Partner erfëllt sinn an bidden wann néideg och Massagen mat etheresch Ueleger, Rebozo, Spinning Babies, ofwiesslungsräich Gebuertspositiounen, Reiki a stark Affirmatiounen un fir dat s du méi motivéiert duerch d'Gebuert kënns. Fir eng schéin an harmonesch Atmosphär setzen ech mech och gär an a kucken dat s du an däi Partner iech sëcher a gebuerge fillt.

Fir d'Oflauschteren vun den Häerztéin beim Bëbee, vaginal Ënnersichungen, Medikamenter oder aner medezinesch Interventiounen sinn ech net zoustänneg. Ech ersetzen weder e Fraendokter/eng Fraendoktesch, nach eng Hiewann. 

Wat ass an der Gebuertsbegleedung dran?

Nom Gebuertsvirbereedungscours plangen mir nach e Cours vun 2 Stonnen fir sech organisatorech op deen groussen Dag virzebereeden. Ech kann gär bei dech kommen fir ze kucken, wéi een deen Dag bei dir doheem gestalten kann. Wichteg Saachen ginn nach beschwat ier et esou weit ass.

 

Dann kënnt d'Permanence (3 Wochen virun der Gebuert an 2 Wochen no der Gebuert - 24/24 Stonnen Disponibilitéit) dobäi, d'frais de déplacement an d'Gebuertsbegleedung selwer, egal wéi laang dat se dauert. Präislech gëtt et éng Limit, fir dat d'Clientë wärend der Gebuert net ënner Drock stinn.

 

Je nodeem wéi d'Situation ass a wéi deng Bedierfnisser sinn, kann ech dech an däi Partner an d'Klinik begleeden oder iech mat énger Hiewann am Gebuertshaus oder mat énger Hiewann doheem bis zum Schluss begleeden. Dat nennen ech d'Begleedung vun énger integraler Gebuert. Falls ech iech net bis zum Schluss begleede kann, mee just en Deel vun der Gebuert, dann schwätzen ech vun enger net integraler Gebuerts-

begleedung.

Integral Gebuert:

-Gebuertsbegleedungscours: 90 euro

-5 Wochen Permanence: 110 euro

-Gebuertsbegleedung: 550 euro

TOTAL: 750 euro (+Frais de déplacement 0,30cent/km)

Net integral Gebuert:

-Gebuertsbegleedungscours: 90 euro

-5 Wochen Permanence: 110 euro

-Gebuertsbegleedung: 250 euro

TOTAL: 450 euro (+Frais de déplacement 0,30cent/km)

Wat bidden ech an der Wochebettbegleedung un?

-d'Verschaffen vun der Gebuert (heelsam Gespréicher)

-Stëllberodung

-1001 kindernacht Schlofberodung

-Handling vum Bëbee (Kinästhetik Infant Handling)

-Signaler vum Bëbee erkennen an drop agoen

-Wochebettmassagen (MamiZen)

-Entspaanungsmethoden fir Elteren

Ech froen 45 euro pro Stonn (+Frais de déplacement 0,30cent/km) fir Berodungen am Wochebett.

Déi éischt 3 Méint sinn fir vill Elteren en Ausnahmezoustand. Eng gutt Begleedung an Ënnerstetzung vun énger Hiewann an Doula kennen d'Situatioun immens vereinfachen a entlaaschten. Vill Elteren fillen sech och dann méi sëcher a méi gebuergen, wat och en positiven Afloss op de Bëbee kann hunn. 

 

Fir méi Informatiounen ze kréien kanns du mech gär op dëser Nummer 621727465 uruffen oder eng e-mail op info@hausumsand.lu schreiwen. Merci!

bottom of page