top of page
hus_eventuellelteren.jpg

Belly Basics

De “Belly Basics” ass kee klasseschen Gebuertsvirbereedungs-cours, mee e Cours fir zukünfteg Elteren, déi sech net nëmmen op d'Gebuert virbereede wëllen, mee haaptsächlech och op déi Zäit dono. 

 

De Cours ass eng wonnerbar Ergänzung zu méngem Gebuertsvirbereedungscours “Meng selbstbestëmmte Gebuert”. A méngen Aaen ass et wichteg sech net nëmmen op d’Gebuert fir ze bereeden, mee och op déi Zäit dono. Déi éischt Zäit ass en Ausnahmenzoustand an dofir ass et sënnvoll eng gutt Basis ze hunn fir méi entspaant duerch déi usprochsvoll Zäit ze kommen.

 

De Fokus gëtt definitiv op d’Stresspräventioun wärend der Schwangerschaft, wärend der Gebuert a wärend dem Wochebett geluescht. Verschidden Entspaanungs- an Entlaaschtungstechniken (Rebozo) ginn och geléiert an

hei sinn all déi aner Themen, dei dech erwaarden wäerten, falls du interesséiert wiers:

 

-Gebuertsplaz

-Gebuertsprojet

-Gebuertslëscht/Wochebettlëscht

-Bëbeelëscht

-Stresspräventioun

-Gebuerts- an Wochebettaffirmatiounen

-Rebozo

-Droduch an der Schwangerschaft (Entlaaschtung)

-Wochebett

-Bindung an Dramreesen

-Kinästhetik Infant Handling

-Stëllen/Fläsch

-Bëbeeschlof

-Droen

 

Ab der 14. Schwangerschaftswoch (2. Trimester) kéins du schon unfänken. Et sinn am Ganzen 6 Kéieren vun ongeféier 90 Minutten.

 

Gutt virbereet ze sinn mëscht dat s du mat méi Freed a méi Geloossenheet déng Gebuert erliewen kanns an dat s du méi roueg matt dénger Famill däi Wochebett genéisse kanns.

 

bottom of page