hus_berodung.jpg

Berodung

Ech bidden individuell an léisungsorientéiert Berodungen no der Gebuert dh am Wochebett an och dono un. Nodeems ech e Gesamtbild vun der Situatioun hunn, kucke mir zesumme no Léisungen, déi dir erméiglechen déng Zieler z'erreechen. 

Berodungsberäicher:

-komplementär Begleedung an Ënnerstëtzung beim Verschaffen vun der Gebuert

-komplementär Begleedung an Ënnerstëtzung bei besonnegen Ëmstänn wei Fehlgebuert, Doudgebuert, Kaiserschnëtt, Baby Blues, Wochebett-depressioun a Form vun Ritualer: heelend Gespréicher, Reiki, Dramreesen, Rebozo Schließungsritual, douce Massagen, Séilekaarten, etheresch Uelecher a Räucherungen

-Wochebett, dei Zäit no der Gebuert

-Entwécklungsfroen beim Bëbee

-Schlofberodung no 1001 kindernacht (0-6 Joer)

-Stëllberodung 

-Bräi/Bräifräi (Baby Led Weaning)

-Erzéiungsfroen 

-Stresssituatiounen 

-Bezéiungsfroen​

Ech froen 60euro/Stonn fir eng Berodung. Falls erwënscht, kanns du vun mir och e Bericht iwwer e-mail geschéckt kréien, wou all déi Punkten dran stinn, déi zesummen beschwat ginn sinn.