
BabySteps
Hues du Loscht mat dengem Bëbee (0-12 Méint) an e ganzheetlechen, bindungs- an bedierfnisorientéierte Cours ze kommen, wou s du Geléigenheet kriss dech mat aner Mammen/Pappen auszetauschen an dech ze vernetzen? Et sinn am Ganzen 8 Kéieren vun ongeféier 90 Minutten. Dësen flotten Austauschkrees gëtt vun mir geleet an mir beschäftegen eis mat lauter Themen wei: Entwécklung vum Kand am éischte Liewensjoer, Signaler erkennen, Bedierfnisser stëllen, berouegen, Suckel, Bindung stäerken, Nieren an Fläsch, Kinästhetik Infant Handling, Droen (Droduch+Drohëllef), Schlofen, Aromatherapie, Bëbeesmassage, Bräi/Bräifräi a Kommunikatioun. Parallel ginn Spillercher, Lidder, Beréierungs- an Fangerspiller ugebueden. Wann s du Loscht op en alternativen Cours hues, dann bass du genee richteg.
De BabySteps ass e certifiéierte Cours vun EinfachEltern:
