
Bräi oder Bräifräi ?
Huet däi Bëbee kéng Loscht Bräi z'iessen oder ësst däi Bëbee Bräi an du wëlls gär wëssen wéi eng Méiglechkeeten et nach ginn oder du wëlls dech einfach mol informéiere kommen ier et mam Iessen lass geet? Dann bass du genee richteg an dësem Workshop, deen ongeféier 2,5 Stonnen dauert. Mir kucken eis d'Ënnerscheeder tëscht dem Bräi an dem Bräifräi un an befaassen eis mat den Vir- an d'Nodeeler vun deenen zwou Methoden. Ech erklären iech op wéi eng Unzeechen een oppassen soll an dat et wichteg ass de Bëbee ouni Drock an där sensibeler Phas ze begleeden. Unhand vun schéinen illustréierten Kaarten gesäit een wat een engem Bëbee dierf ginn an wat éischter net. De Workshop ass immens interaktiv. Jiddereen dierf matschaffen an Froen stellen. Zum Schluss kucken mir eis e puer Videoen un, déi dat Ganzt schéin ofronnen.