FamilySteps

Weess du net wat s du Samschdes moies mat dengem Kand maache solls? Ech bidden zu Sëll an engem flotten an gemittlechen Kader e Spillgrupp un fir Kanner tëscht 1-3 Joer. Parallel tauschs du dech am Krees mat aneren Elteren aus. Ech begleeden dat Ganzt mat flotten Themen wei: Erzéiungszieler, Autonomiesphasen/Tréischten, Potti, Suckel, Schlofen, Léien/Deelen, d'Agewinnung an d'Crèche/Precoce/Spillschoul, Léien/Deelen an Rollebiller. Kanneryoga, Kannermassage, Spillercher, Lidder, Fanger-, Beréierungs- an Schoußspiller stinn och um Programm. Wann s du Loscht op e flotten Spill- an Austauschmoien hues, dann bass du genee richteg.

De FamilySteps ass e certifiéierte Cours vun FamilySteps:

LogoNeu_ein_Linie.png
  • Facebook - Grey Circle
  • Instagram - Grey Circle