
Hallo. Ech sinn d’Stéphanie. Säitdeem ech zwee Kanner hunn, huet sech berufflech sou Munches geännert. Ech hunn vun 2009-2017 vollzäit als Spillschoulsjoffer an Educatrice an der Waldorfschoul geschafft. Ech bidden den Ament just nach Mëttwochs Moies de Spillgrupp vun der Waldorfschoul um Mamerhaff un. De Spillgrupp ass en Eltere-Kand Cours fir Kanner tëscht 0-4 Joer, wou lauter flott Aktivitéiten gemaach ginn.
Säit ech Mamm ginn sinn, ass nieft der Waldorfpädagogik eng nei Dier opgaangen. Ech hunn mech ëmmer méi fir déi Themen Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert bis ech no an no Ausbildungen an Formatiounen an deenen Beräicher gemaach hunn.
Den 1. September 2017 hunn ech "Haus um Sand" gegrënnt an hunn mech selbststänneg gemaach. Ech sinn Waldorfspillschoulsjoffer, diploméiert Educatrice, Familljenberoderin an zertifiéiert Doula (Bauchflüsterinnen). Ech begleeden zukünfteg Elteren, elengerzéiend Fraen an och Familljen op hirem ganz individuelle Wee. Ech bidden eng emotional Ënnerstëtzung wärend der Schwangerschaft, wärend der Gebuert, wärend dem Wochebett an driwwer eraus un.
D’Wuert “Doula” kënnt iwwregens aus dem Griicheschen an bedeit “Déngerin”. Eng al Traditioun gëtt nees an d’Liewen geruff an dee Service gëtt hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi bekannt an ëmmer méi beléift. Vill Koppelen hei am Land gräifen gär op eng Doula zeréck fir och mei laang begleet a ënnerstëtzt ze ginn. Eng Vertrauens-persoun ze hunn, déi sech vill Zäit hëlt, ass ëmmer méi an dëser hektescher Welt gefrot.
Meng Berodungen, Coursen, Workshoppe a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ginn an eng ganzheetlech, bindungs- an bedierfnisorientéiert Richtung. Ech selwer hunn immens gutt Erfarungen gemaach, sou dat ech se gären professionell un interesséiert Leit weider ginn.
Zousätzlech bidden ech och Fraen-Heelkreesser un, fir méi an séng weiblech Urkraaft ze kommen.
Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!
+ Meng Qualifikatiounen:
-Waldorfspillschoulsjoffer an diploméiert Erzéierin
-Psychologesch Beroderin (Isolde Richter)
-Zertifizéiert Doula (Bauchflüsterinnen)
-Ritual-Leederin no Doris Alhea Moser vun "Rote Mondin"
-Einfach-Eltern Cours-Leederin
-Schlofberoderin (1001 kindernacht)
-Stëllberoderin (Bauchflüsterinnen)
-Bräi/Bräifräi Beroderin (no Tatje Bartig-Prang)
+ Meng Servisser:
-Berodung ronderëm d'Familljeliewen
-Meng selbstbestëmmte Gebuert (Gebuertsvirbereedungscours)
-Belly Basics (Elterevirbereedungscours)
-Gebuerts- a Wochebettbegleedung
-Rebozo/Spinning Babies
-MamiZen Massage
-Ritualer ronderëm d'Gebuert
-BabySteps
-FamilySteps
-Bräi/Bräifräi Workshop a Berodung
-Harmonesch Bëbeemassage no Bruno Walter
-Schlofberodung
-Geschwisterkurs (Einfach-Eltern/ab 2022)
-Womb Healing Workshop (2x d’Joer/Fréijoer-Hiescht)
-Rauhnuechte Workshop (ëmmer tëscht Dez-Jan)
Fir mei Informatiounen ze kréien, ruff mir weg op dës Nummer (+352) 621727465 un oder schreif mir eng e-mail op info@hausumsand.lu! Merci!